🕵️ Minett Escape Games - Outdoor-Spill-Spass fir Jonker 🏆 🦇 Entdeckt de Minett Natur an Ëmwelt Léier Lab 🌿 🚶 MINETT TRAIL - 90 km fir eist Biosphärereservat kennen ze léieren
arrow
quote quote

Cool Neighbourhoods Partnermeeting an Holland

An der vergaangener Woch hunn d’Stad Déifferdeng an de Gemengesyndikat PRO-SUD, zwee vun den dräi lëtzebuergesche Participanten am Interreg-Projet „Cool Neighbourhoods“, um Partnertreffen zu Middelburg an der hollännescher Provënz Zeeland deelgeholl.

   

Iwwer zwee Deeg hunn sech Vertrieder vun den insgesamt 13 Partner, déi 9 Pilotprojete fir d’Upassung un de Klimawandel a verschiddene Stied a Lëtzebuerg, Frankräich, der Belsch an Holland ëmsetzen, getraff, fir sech iwwer de Fortschrëtt vun de jeeweilege Pilotprojeten auszetauschen. Ausserdeem goufen d’Participanten op dësem Meeting iwwer déi lescht Entwécklungen am Zesummenhang mat de wëssenschaftleche Begleetprogrammer vum Projet informéiert.

Formatioun a Monitoring

Besonnesch zwee vun dëse Programmer stoungen am Mëttelpunkt vun de Presentatiounen. Thematiséiert goufen d’Formatiounen zum Thema Hëtztinselen an Hëtztstress, déi vun der Provënz Antwerpen virbereet ginn. Dobäi gouf festgehalen, datt déi bal fäerdeg Formatiounsmoduller an de nächste Woche vun de Projetspartner getest ginn an datt déi komplett Formatiounen am nächsten Hierscht an alle Pilotregiounen ugebuede ginn. Sou solle Gemengentechniker a Lokalpolitiker mat der Thematik vertraut gemaach ginn, fir konkret Upassungsstrategië fir hir Gemengen z’entwéckelen.

Dat anert wëssenschaftlecht Begleetprogramm, dat zu Middelburg op der Dagesuerdnung stoung, war d’Temperatur-Monitoring, dat ronderëm déi 9 Pilotstanduerter installéiert gouf. Dobäi goufen d’Moossdate vum leschte Summer presentéiert. Si weisen, datt och kleng oder mëttelgrouss Stied wärend Hëtztwelle bis zu 5 Grad méi héich Temperaturen erreeche kënnen ewéi dat ländlecht Ëmfeld ronderëm dës bebaut Raim.

© Minett UNESCO Biosphere

Gemeinsam Halbzäitkonferenz mam Partnerprojet

Den zweeten Dag vum Treffe vun de Partner vu „Cool Neighbourhoods“ stoung am Zeeche vum Austausch mat de Membere vum Programm „Cool Cities“. Wärend et beim éischte Projet, un deem och lëtzebuergesch Partner deelhuelen, ëm Klimawandelupassungen a Quartiere geet, geet et beim Projet „Cool Cities“, dee vum Interreg North Sea Programme finanzéiert gëtt, ëm d’Ausschaffe vu Klimawandel-Upassungsstrategië fir ganz Stied.

De Moie vum zweeten Dag stoung eng méi laang Besichtegung vun de Klimaadaptatiounsmesure vun der Stad Middelburg um Programm. D’Haaptstad vun Zeeland engagéiert sech zanter Joren intensiv an dëser Thematik.

Op der gemeinsamer Halbzäitkonferenz vun deenen zwee Projete goufe méiglech Synergien tëscht de „coole“ Véierel an de „coole“ Stied diskutéiert. D’Leeder vun den zwee Interreg-Programmer „North-West Europe“ an „North Sea“, déi d’Projete finanzéieren, hunn ënnerstrach, datt esou Kollaboratiounen iwwer d’Grenze vun den eenzelne Programmer eraus d’Reechwäit vun de verschiddene Projeten erhéije kënnen an datt se voll a ganz vum paneuropäeschen Interreg-Programm ënnerstëtzt ginn.

Duerno hu Keynote-Speaker, wéi den hollännesche Klimawëssenschaftler Tim van Hattum, unhand vu konkrete Beispiller gewisen, wéi mir eis als Gesellschaft op d’Suitte vun der ze erwaardender Temperaturerhéijung virbereede kënnen.

Dat nächst Treffe vun de Partner vu „Cool Neighbourhoods“ ass fir de Fréisummer virgesinn. Do soll et virun allem ëm déi konkret Finaliséierung vun de Pilotprojeten an de 9 bedeelegte Stied goen.