Bis Enn 2024 gëtt déi aktuell bioklimatesch Situatioun an der Minett UNESCO Biosphere erfaasst. Déi gesammelt Donnéeë ginn duerno benotzt, fir de Stied a Gemeng Instrumenter z’offréieren, mat deene se sech urbanistesch besser op d’Konsequenze vum Klimawandel, déi z’erwaarde sinn, virbereede kënnen.
DE KLIMAWANDEL ASS E FAKT
Et ass wëssenschaftleche Konsens, datt de Klimawandel, fir deen de Mënsch responsabel ass, Konsequenzen op eist Liewe wäert hunn. Zu Lëtzebuerg läit d’Duerchschnëttstemperaturen (Period 1991-2020) schonn 1,5 Grad iwwert der Temperaturmoyenne vun der Referenzperiod vun 1951-1980. Ënnert de Klimatologen ass ee sech och eens, datt an der Konsequenz vu méi héije Lofttemperature méi dacks extrem Wiederevenementer (Schloreen, Stuerm, Hëtztwellen) op eis duerkommen.
© Meteolux |
© IPCC |
Vir allem fir urban Gebitter, zu deenen een och d’Minett UNESCO Biosphere kann zielen, ass de Klimawandel eng grouss Erausfuerderung. Déi dacks dicht bewunnte Gebutter sinn ufälleg fir d’Konsequenze vum Klimawandel, wéi Loftverschmotzung, Wiederextreemer a Canicullen. Stied si grouss Verursaacher vum Klimawandel, well hei ongeféier 70% vun de weltwäiten Zäregasemissiounen entstinn.
De ClimProSud-Projet soll den urbane Bioklima um Gebitt vun der Minett UNESCO Biosphere evaluéieren, fir esou e besser d’Konsequenzen op de lokale Klima vu Stied, déi wuessen, besser verstoen ze kënnen an d’Suitte fir d’Gesondheet vun de Mënschen, déi natierlech Ëmwelt an déi urban Infrastruktur besser erfaassen ze kënnen.
LOKAL AUSWIERKUNGE VUM KLIMAWANDEL VERSTOEN
Zil vum ClimProSud-Projet ass et, urban Klimainformatione fir déi eelef Gemengen vun der Minett UNESCO Biosphere bereet ze stellen, déi zäitlech relevant sinn an um Niveau vum Territoire méiglech Auswierkunge weisen. Stied spillen eng substantiell Roll beim Meeschtere vum Klimawandel a senge Konsequenzen. Mesuren, virun allem am Beräich vum Urbanismus, kënne grouss Auswierkungen op déi global Zäregasemissiounen an op d’Resilienz vun urbane Raim hunn.
D’Fuerscher vum LIST wäerten, zesumme mat hirem wëssenschaftleche Kooperatiounspartner Geo-Net vun Hannover, urbanistesch Informatioune fir eis Regioun liwweren an enger raimlecher Opléisung vu 5m. Dës Informatioune wäerten och d’Date vun numereschen, regionale Klimaprojektioune fir de Süde vu Lëtzebuerg opgräifen, fir e komplett Bild ze zeechnen.
ZILER VUN DER ETÜD
An der Bewäertung vum urbane Bioklima wäerte vill verschidden Auswierkungen op d’Stied a Gemengen am Süde vu Lëtzebuerg consideréiert ginn. Dorënner:
Verbessert Stadplanung a -gestaltung:
|
D’Resultater vum Projet ginn den Urbanisten zur Verfügung gestallt. Dës kënnen esou déi zukünfteg Entwécklung vu bebaute Surfacë méi nohalteg a resilient plangen. Dozou gehéieren urban gréng a blo Korridoren, souwéi eng Evaluatioun vun de Gebitter an deene kal Loft entsteet an de Korridoren, déi dës Loftmassen huelen, fir d’Stadzentre besser ventiléieren ze kënnen. Héich Minimaltemperaturen an de Summerméint sinn eng grouss Gefor fir d’Gesondheet a kënne bei Canicullen esouguer zu enger Surmortalitéit an urbane Gebitter féieren. |
Dem Klimawandel besser begéinen:
Duerch de ClimProSud-Projet sollen déi Plazen an de Gemenge fonnt ginn, déi am meeschte mat de Suitte vum Klimawandel konfrontéiert sinn. Dës Konsequenze kënnen Iwwerschwemmungen, extreem Hëtzt oder Loftverschmotzung sinn. D’Etüd soll hëllefe Strategien z’entwéckelen, déi dës Gebitter besser schützen a Risiken ze miniméieren. |
|
Virdeeler am Beräich vun der Gesondheet:
|
Duerch d’Identifikatioun vu Plaze mat enger héijer thermescher Belaaschtung wäert d’Analys vum urbane Bioklima eng Basis fir Mesurë liwweren, déi déi ëffentlech Gesondheetssituatioun verbessere kënnen. Esou kënnen d’Awunner vun der Minett UNESCO Biosphere an der Zukunft besser virun den negativen Auswierkunge vun urbanen Ëmweltfacteure geschützt ginn. |
Ekonomeschen Notzen:
Duerch d’Upasse vum Urbanismus an neie Quartieren oder beim Ëmbau vun existente Staddeeler an Dierfer kënnen ekonomesch Virdeeler fir d’Regioun entstoen. Dat ka vun enger Hausse vum Wäert vun der Bausubstanz, iwwert eng besser Loftqualitéit bis bei méi e klengen Energiebedarf goen. |
|
De ClimProSud-Projekt ass drop ausgeluecht, datt d’Gemengen um Territoire vun der Minett UNESCO Biosphere d’Méiglechkeet kréien d’Erausfuerderunge vum Klimawandel besser ze verstoen, anzeschätzen, ze bewältegen a viraus ze gesinn. Dës Erkenntnisser kënnen an den nächste Joren a Joerzéngte benotzt ginn eis eelef Gemeng méi nohalteg, méi resilient a méi gesond virun z’entwéckelen. D’Kollekt vun den Donnéeën huet ugefaangen a wäert am Ganzen 18 Méint laang daueren, fir e preziist Bild vun der aktueller Situatioun ze liwweren, dat als Basis fir d’Klimaprojektioune vum Projet ka benotzt ginn.