Wärmepompel: Eng ekologesch an accessibel Solutioun Nature & More - Family Day - 18.05.25 - En Dag an der Natur vum Ellergronn
arrow
quote quote

Besuch aus Südafrika

Zënter enger Rei vu Joren huet d’ONG Athénée Action Humanitaire vum Stater Kolléisch eng Partnerschaft mat der Cape Winelands Biosphere Reserve a Südafrika. Vertrieder vun dëser UNESCO Biosphär sinn aktuell op Besuch zu Lëtzebuerg an hu vun der Geleeënheet profitéiert sech d’Minett UNESCO Biosphere ukucken ze kommen.

En Dag am Ellergronn an um Giele Botter

Eng Delegatioun vu 4 Persounen, dorënner den Direkter vum südafrikanesche Biosphärereservat Marc Heistein an déi Responsabel fir hir Edukatiounsprogrammer, Celine Macdonald, si gëschter Moien (18. September) um 10:00 am Ellergronn ukomm.

Den Dag huet mat enger kuerzer Presentatioun vun der Struktur an de Projeten vun eiser Minett UNESCO Biosphere ugefaangen, éier mir en éischten Entdeckungstour an eist Biosphärereservat proposéiert hunn. Um Site vun der aler Mine Cockerill konnte mir de Visiteuren aus Südafrika de enken Lien vun eiser Biosphär zu hirer industrieller Vergaangenheet erklären an d’Gäscht mat an d’Vergaangenheet vum Minett als Biergbauregioun huelen.

© Minett UNESCO Biosphere

No enger gemeinsamer Mëttespaus goung et zesummen an d’Naturschutzgebitt “Giele Botter”, wou d’Gäscht aus Südafrika vum Jan Herr, Responsabel bei der Naturverwaltung fir d’Gestioun vun de fréieren Dagebaugebitter, déi haut ënner Naturschutz stinn, Erklärunge kruten iwwert d’Eenzegaartegkeet vun der Biodiversitéit vun dëse Siten an iwwert d’Mesuren, déi ënnerholl ginn, fir dës Biodiversitéit ze fleegen an z’erhalen.

Cape Winelands Biosphere Reserve

D’Cape Winelands Biosphere Reserve (CWBR) ass e grousst Gebitt vun 3220km2 a gouf vun der UNESCO am Joer 2007 am Aklang an de globale “Man and the Biosphere (MAB)” Programm opgeholl. Et läit an der Western Cape Provënz vu Südafrika ongeféier 40 km ëstlech vu Cape Town, a besteet aus de Verwaltungsbezierker Stellenbosch, Drakenstein,Breede Valley, Witzenberg aTheewaterskloof.

D’Haaptaufgabe vun der Cape Winelands Biosphere Reserve sinn:

  • Konservatioun (vu Landschaften, Ökosystemer, Aarten a genetesch Variatioun);
  • nohalteg Entwécklung (Förderung vun enger wirtschaftlecher Entwécklung déi ökologesch a kulturell nohalteg ass);
  • logistesch Ënnerstëtzung (Fuerschung förderen, Monitoring, Edukatioun a Formatioun).

Hei fannt Dir méi Informatiounen iwwert d’Cape Wineland Biosphere Reserve.

Source: www.capewinelandsbiosphere.co.za