🌨️ Streesalzalternativen - Einfach Geste fir d'Natur ℹ️ Wärmepompel - Eng ekologesch an accessibel Solutioun 🚶 MINETT TRAIL - 90 km fir eist Biosphärereservat z'entdecken
arrow
quote quote

Bärbelendag mat de Kanner

Am Dezember dëst Joer huet d’Minett UNESCO Biosphere mam CNCI (Centre National de la Culture Industrielle) fir de Schoulprojet “Bärbelendag mat de Kanner” zesummegeschafft an an den Escher Grondschoulen Ateliere ronderëm Bärbelendag ugebueden.

De Projet vermëttelt déi lieweg Erënnerung un déi lëtzebuergesch Biergbautraditiounen, déi mat der helleger Bärbel, der Patréinesch vun de Biergaarbechter, verbonne sinn. D’Schülerinnen a Schüler entdecken d’Symboler, d’Riten an d’Wäerter vun dësem, fir de Minett, wichtege Fest – Erënnerung, Solidaritéit, Courage an Dankbarkeet – a konnten dobäi hir eege Wierker kreéieren.

D’Ateliere goufe vun der Graphikdesignerin Isabelle Mattern geleet. Nodeems d’Kanner d’Geschicht vun der helleger Bärbel erzielt kruten, hunn si e Collage gemaach, fir der Bärbel hiert Liewen ze illustréieren. Dobäi hunn si Motiver benotzt, déi mat engem Riso-Printer gedréckt goufen. Si hunn den Tuerm nogebaut, an deem si gelieft hat, an den ofgeschniddenen Aascht vun engem Uebstbam illustréiert.

 

Helleg Bärbel och e Symbol fir Fruchtbarkeet

Dësen Deel vun der Bärbelen-Traditioun ass manner bekannt an eiser Géigend, ass awer zënter dem Mëttelalter e feste Bestanddeel vum Bärbelendag a ville Regioune vu Mëtteleuropa, notamment laanscht de Rhäin, am Elsass an an der Lorraine, wou dësen Deel vun der Traditioun ronderëm d’helleg Bärbel haut nach gelieft gëtt: De 4. Dezember ginn d’Äscht vun den Uebstbeem, meeschtens Kiischtebeem, geschnidden an an d’Waasser gestallt. Bléien dës Äscht op Chrëschtdag ass dat, der Traditioun no, en Zeeche vu Gléck a Fruchtbarkeet am nächste Joer.

Fir déi räich botanesch Diversitéit vun eiser Regioun ervirzehiewen, hunn d’Kanner net just Äscht vun Uebstbeem, mä och regional Orchideeën illustréiert, déi zu Schlësselaarten an den Dréchewise vun der Kärzone vun eisem Biosphärereservat gehéieren.

Ofschloss vun den Atelieren

No den Atelieren an de Schoule maachen d’Kanner de 4. Dezember bei der Cortège zu Éiere vun der helleger Bärbel zu Esch-Uelzecht mat.