🌨️ Streesalzalternativen - Einfach Geste fir d'Natur ℹ️ Wärmepompel - Eng ekologesch an accessibel Solutioun 🚶 MINETT TRAIL - 90 km fir eist Biosphärereservat z'entdecken
arrow
quote quote

Bärbelendag, eng Traditioun vun der Minett Biosphere

All Joer Uganks Dezember mobiliséiert sech d’Regioun vun der Minett Biosphere, fir déi Helleg Bärbel ze feieren. Et ass e Gedenken un eis Biergbauvergaangenheet. Déi Helleg Bärbel ass d’Schutzpatréinesch vun de Biergaarbechter, de Pompjeeën an all deenen, déi mat Feier a Polver schaffen.

Dës Traditioun, déi op d’1890er Joren zréckgeet, ass vill méi wéi eng einfach Gedenkfeier; si ass e Symbol vu Courage an eng lieweg Verbindung mat der Geschicht an der Identitéit vun eiser Regioun. De 4. Dezember ass en Dag vum Gedenken zu Éiere vun allen Affer vun de Lëtzebuerger Minnen. Vun 1881 bis 1981 hunn iwwer 1.500 Biergaarbechter zu Lëtzebuerg hiert Liewe verluer.

De Bärbelendag, deen zënter 2022 am nationalen Inventar vum immaterielle Kulturierwe vun der UNESCO steet, gëtt a verschiddenen Uertschafte vun der Regioun gefeiert. All Gemeng proposéiert do en eegene Programm. Hei ass en Iwwerbléck vun den Evenementer, déi fir 2025 geplangt sinn.

Bärbelendag

Samschdeg, 29. November 2025

Péiteng: D’Feierlechkeete fänken um 16:30 Auer mat engem Zesummekommen am Park Hary Godefroid zu Rodange un, duerno geet d’Pressessioun bei d’Rodanger Kierch. Hei gëtt um 17:00 Auer eng Mass gelies an duerno gëtt et en Éierewäin am Kulturzenter vu Rodange. Eng Navette fir de Retour ass disponibel.

Esch-Uelzecht: D’Entente Mine Cockerill Site Kazebierg Esch/Uelzecht organiséiert e Fest ab 15:00 Auer, mat engem Cortège, dee virun der Galerie “Heintzebierg” start, engem Hommage un déi Helleg Bärbel, Rieden an engem Éierewäin. D’Aschreiwung per Mail ass,  bis e Méindeg, de 24. November, obligatoresch .

Donneschdeg, 4. Dezember 2025

Déifferdeng: Zu Lasauvage gëtt um 19:00 Auer eng Kranznidderleeung beim Monument des Mineurs ofgehalen, duerno kommen de Cortège duerch d’Duerf, d’Mass am Festsall “Poppespënnchen” um 19:30 Auer an eng Receptioun an der Galerie vun der Minière Doihl. Eng gratis Navette fiert vun Déifferdeng aus.

Diddeleng: Vun 18:00 Auer u start e Cortège vun der “Porte d’Italie” a Richtung Neischmelz, mat Arrêten a Grouweschëss. Den Owend geet weider mat Rieden, Ausstellungen an engem Patt, deen am Vewa zerwéiert gëtt.

Esch-Uelzecht: D’Stad Esch éiert déi Helleg Bärbel am  spéide Moie mat Knupperten, enger Kranznidderleeung um Monument aux Morts, engem Cortège an enger Receptioun am Stadhaus.

Téiteng: De Comité Sainte Barbe Tétange, organiséiert e ganzen Dag zu Éiere vun der Patréinesch vun de Biergaarbechter. De Programm fänkt moies um 9:45 Auer mat engem Cortège un, duerno gëtt et eng feierlecher Mass um 10:30 Auer an en Éierewäin. Owes, um 18:30 Auer, ass an der Schungfabrik Projektioun vun engem speziellen Documentaire an duerno e Volleksfest. D’Aschreiwung fir d’Volleksfest ass gratis, awer obligatoresch bis de 27. November um 12:00 Auer, woubäi d’Iessenspreferenzen (Fleesch oder vegetaresch) unzegi sinn.

Rëmeleng: E ganzen Dag vu Feierlechkeete gëtt vun der Stad Rëmeleng am lokale Kulturzenter organiséiert.

Freideg, 5. Dezember 2025

Esch-Uelzecht: E “GROUSSEN OWEND VUN DER HELLEGER BÄRBEL” fënnt ab 17:00 Auer an der Kulturfabrik statt, mat engem Nuetsmaart, kreativen Atelieren, musikaleschen Optrëtter a ville weideren Iwwerraschungen.

 

Den Dag vum Hellegen Eloi

E bësse manner bekannt, awer grad esou wichteg fir d’Erënnerung un d’Stolvergaangenheet vun der Minett UNESCO Biosphere ze erhalen, ass den Dag vum Hellegen Eloi.

E Méindeg, den 1. Dezember 2025, invitéieren d’Amicale des Hauts Fourneaux an ArcelorMittal Lëtzebuerg zu Éiere vum Schutzpatroun vun de Schmelzaarbechter op déi 17. Editioun vun der Eloisfeier.

D’Feierlechkeete fänken um 17:30 Auer op der Place de l’Université um Belval un. Et gëtt e Kranz néiergeluecht, e Cortège an d’Halle des Poches à Fonte, Rieden an der Projektioun vun engem Kuerzfilm iwwer den “Héichuewen C”, dee gréissten Héichuewen, deen am Grand-Duché a Betrib war. Duerno invitéieren d’Organisateuren op en Éierewäin. D’Fotoausstellung vum Marcel Bouschet an der Möllerei ass deen Owend och fir de Public op.

D’Feierlechkeete vum St. Eloi a vun der Ste. Barbe sinn eng eemoleg Geleeënheet, an d’Geschicht an d’Traditioune vun der Minett Biosphere anzedauchen. Zéckt net, un de Festivitéiten deelzehuelen, fir dëst liewegt Kulturierwen z’entdecken.