ℹ️ Wärmepompel - Eng ekologesch an accessibel Solutioun 🚶 MINETT TRAIL - 90 km fir eist Biosphärereservat z'entdecken 🍒 Tutti Frutti - Gratis Uebst aus de Minetter Bongerten
arrow
quote quote

20 Joer PRO-SUD – Mars Di Bartolomeo (2003/04)

Entwécklung vun der regionaler Strategie

 

De 19. Mee 2003 gouf den éischte Kommitee, ënnert der Presidence vum Mars Di Bartolomeo, constituéiert. D’Gemengen aus der Südregioun, wéi se am Programme directeur de l’aménagement du territoire definéiert war, hu sech zesummegeschloss, fir hiert Potential ze valoriséieren an sech op dës Manéier gemeinsam z’entwéckelen.

Deemools huet de PRO-SUD aus 12 Gemenge bestanen: Beetebuerg, Déifferdeng, Diddeleng, Esch-Uelzecht, Käl, Kënzeg, Monnerech, Nidderkäerjeng, Péiteng, Rëmeleng, Schëffleng a Suessem. No der Fusioun vun Nidderkäerjeng a Kënzeg zur Gemeng Käerjeng sinn et haut 11 Membergemengen.

De Mars Di Bartolomeo huet am Zäitraum vun engem Joer eng regional Dynamik geschaf, fir de PRO-SUD zu engem wichtegen Interlocuteur bei de staatlechen Instanzen ze maachen. Mat enger gemeinsamer Stëmm ze schwätze war fir d’Gemengen aus dem Süden essentiel wichteg, fir hir Interessien um Gebitt vun der Dezentraliséierung ze vertrieden.

De President huet och eng éischt Zukunftskonferenz organiséiert an esou op zwee Weekender all d’Partner – eng 60 Acteuren aus der Regioun – ronderëm den Dësch versammelt. Ënnert de Participante waren Entrepreneuren, Politiker a Veräiner. D’Zil war den Opbau vun enger regionaler Strategie. Nodeems d’Héichiewen net méi produzéiert hunn, goung et drëms d’Industriebroochen nei ze notzen, fir der Regioun, déi iwwert ee Joerhonnert laang fir de Wuelstand vu Lëtzebuerg gesuergt hat, eng nei Zukunft z’erméiglechen.

Well de Gemengesyndikat d’Forces vives vun der Regioun mobiliséieren an zesummebrénge konnt, goufen d’Weiche fir d’Erneierung vum Image vun der Regioun gestallt. Dëst huet d’Entwécklung vun engem Leitbild erméiglecht, op deem senger Basis en Aarbechtsprogramm konnt ausgeschafft ginn.