Natur & Wëssenschaft
De Bësch schmaachen – Fréijoer
MiNELL - Minett Natur an Ëmwelt Léier Lab Workshop
Datum(er)
An der Natur vum Ellergronn entdecken a sammele mir Kraider a Planzen, déi am Fréijoer hei wuessen.
Zesumme mat der Kraiderpedagogin Christiane Laures léiere mer se ze identifizéieren an domadden ze kache fir verschidde Geschmackserliefnisser entstoen ze loossen.
Um Schluss vun der Aktivitéit iesse mer zesummen, déi Platen, déi eis de Bësch offréiert huet.
En Deel vum Atelier ass an de Bëscher vum Ellergronn. Denkt duerfir drun fest Schong a Kleeder, déi dem Wieder ugepasst sinn, unzedoen.
Information de contact pour cet événement
Téléphone: +352 26 17 97 1
E-mail: minell@minett-biosphere.com
Internet: https://minett-biosphere.com/
Gratis Atelier op Aschreiwung!
Mell dech hei un!
Organisateur
Minett UNESCO Biosphere