Psychesch Gesondheet am Alter: de Schlëssel zu méi Liewensfreed!
INFO-CAFÉ presentéiert vum Escher BiBSS & Club Aktiv+ Mosaïque zesumme mat der LIGUE SANTÉ MENTALE
Datum/Daten
Psychesch Gesondheet am Alter: de Schlëssel zu méi Liewensfreed!
.An dësem Info-Café stinn altersbedéngt Erausfuerderungen, den Ënnerscheed tëscht kierperlecher a psychescher Gesondheet an eng vun den heefegste psycheschen Erkrankungen, nämlech d’Angscht, am Fokus.
Donieft léiert Dir Hëllefs- an Ënnerstëtzungsangeboter kennen a kritt praktesch Tipps, fir Är psychesch Gesondheet am Alldag ze stäerken.
Eng Taass Kaffi, interessant Informatiounen an eng flott Atmosphär waarden op Iech.
Den Info-Café ass op lëtzebuergesch; traduction des infos-clés en français possible.
.WEIDER INFORMATIOUNEN & UMELDUNG:
Escher BiBSS | 24, rue Louis Pasteur | L-4276 Esch-sur-Alzette
Antenne Lallange | 27 54 - 22 10 | 7, Bvd Pierre Dupong | L-4086 Esch-sur-Alzette escherbibss@villeesch.lu
Club Aktiv+ Mosaïque | 27 55 33 90 | 31, rue Léon Metz | L-4238 Esch-sur-Alzette mosaique-club@croix-rouge.lu