
Gutt-Nuecht-Geschicht-Workshop
Ee Workshop iwwert d’Virliese and d’Schlofroutinen fir Elteren an hier Kanner vun 3 – 8 Joer
Datum/Daten
Wéi liesen ech spannend vir? wéi kreéieren ech Doheem eng Schlofe-go-Routine? An dësem Atelier si Kanner (3-8 J.) souwéi Elteren wllkomm fir Bicher kennenzeléieren an Tipps ze kréien.
Wosst dir, dass vill Elteren entweder ze spéit ufänke mat virliesen oder ze fréi domadder ophalen? An wosst dir, dass just puer Minutten am Dag virliese schonn zimmlech vill bréngen?
Villäicht ass de Choix um Bichermaart och einfach ze grouss? Oder et traut een sech net wierklech virzeliesen? An dat schwieregst ass jo ëmmer mat enger Routine unzefänken, vir un allem, wann et ëm d’Schlofegoen geet.
Hei am Workshop gi verschidde Bicher virgelies a präsentéiert. Mir schwätzen iwwert d’Bedürfnisser vun de Kanner an iwwert Schlof- a Liesroutinnen an natierlech dierfen Elteren hier virlies Konscht de Kanner virweisen. Virwëlzeg? Dann schreift Iech gären am Workshop an.
.- - -
Trainer*in: Leslie Fischbach
Zillgrupp: Elteren mat hiere Kanner (3 – 8 Joer)
Umeldung bis: 31.10.2025
Informatioun/Umeldung: info@ewb.lu
A Cooperatioun mam Eltereforum, mat der Ënnerstëtzung vum MENJE.