📀 Minettsdapp - Das Lied über unsere Biosphäre 🎙️ 🕵️ Minett Escape Games - Outdoor-Spielspaß für Jugendliche 🏆 🦇 Entdeckt unser Minett Natur an Ëmwelt Léier Lab 🌿 🍒 Tutti Frutti - Gratis Obst aus Minetter Obstgärten 🍐
arrow
image

D'Prinzessin op der Ierbes

TRAFFIK THEATER

Datum/Daten

11/10/2026 11:00 - 11/10/2026 12:00 11/10/2026 15:00 - 11/10/2026 16:00 13/10/2026 15:00 - 13/10/2026 16:00

Jonke Publikum 4-8 Joer


De klenge Theater-Brunch (12h00) an den Atelier de théatre pour enfants (13h00) de 11/10 - Reservatioun iwwer Mail : reservation.theatre@villeesch.lu


.

Et war eemol e Prënz, deen onbedéngt eng Prinzessin wollt bestueden. Et huet awer eng richteg misse sinn. De Prënz ass duerch d’ganz Welt gereest  fir eng ze fannen. Mee ëmmer war eppes verkéiert … D’Kënschtler:innen vum Traffik Theater erziele mat Zeechnungen, Objeten a Live-Musek eent vun de bekanntste Märercher vum Hans Christian Andersen, a froen sech awer och, ob wierklech nëmmen eng richteg Prinzessin et fäerdeg bréngt, duerch 20 Plommepillemen a Matrassen eng kleng Ierbes ze spieren. Wat wier, wann e Prënz den Ierbessentest misst maachen? Oder Jenny a Menni? A firwat muss engem Prënz seng Fra sou sensibel sinn? Wat wier, wann se just 

zëmperlech a kriddeleg wier? Wat géif geschéien, wann se nom Ierbessentest keng Loscht hätt, de Prënz ze bestueden? 

From ECHO.lu

Et kann een sech vill Froe stellen, wann een hautzedaags dem Andersen säi Märche liest, an dat maachen den Dan Tanson, de Michel Boulanger an d’Eleonora Savini mat vill Humor.

Preis

Moins de 12 ans

Moins de 26 ans, étudiant.e

Tarif normal

Teilen