Wärmepumpe: eine umweltfreundliche Lösung, die für jeden zugänglich ist Nature & More - Family Day - 18.05.25 - En Dag an der Natur vum Ellergronn
arrow
quote quote

Risografie – eng japanesch Technik

D’Isabelle Mattern ass eng jonk an talentéiert Escher Graphikdesignerin, déi no hirer Ausbildung zu Paräis a London elo nees zu Lëtzebuerg ass, wou si an de leschte Joren och schonn op sech opmierksam maache konnt.

D’Isabelle Mattern krut vun der Minett UNESCO Biosphere den Optrag d’Affiche fir d’Journées de la biodiversité vun dësem Joer am Naturschutzzentrum Ellergronn ze realiséieren.

Duerfir huet d’Isabelle op d’Drocktechnik vun der Risografie zeréckgegraff. Dëst ass eng japanesch Technik, déi et engem u sech just erlaabt mat zwou Faarwen ze schaffen, wat schonn am Kreatiounsprozess vun enger Affiche eng gutt strukturéiert Approche verlaangt.

Wéi eng aner Grënn fir d’Graphikdesignerin nach duerfir geschwat d’Affiche fir d’Deeg vun der Biodiversitéit mat engem Risografiedrock z’erstellen, huet si eis an der Dréckerin selwer verroden.




De ganze Programm vun den Deeg vun der Biodiversitéit, vum 3. bis de 6. Juni 2021 presentéiere mir iech nächsten Dënschdeg. Deen Ament ginn dann och d’Aschreiwunge fir d’Atelieren um Familljendag sonndes op.