Minett Mash-Up: Der Podcast über unsere Region TUTTI FRUTTI
arrow
quote quote

Minett Mash-Up: Lynn Jung X Belval

 

An dësem éischte Mount vum Joer léiert dir déi mega cool a sportlech Freerunnerin Lynn Jung kennen. Mir hu mam Lynn eng agreabel Zäit am Café Dalmat verbruecht an eis mat him iwwert seng Kandheet um Belval a säi Wee an d’Welt vum professionelle Freerunning ënnerhalen. An och ouni eppes iwwer Parkour oder Freerunning ze wëssen, kënnt dir dëse Podcast genéissen: Dir wäert alles gewuer ginn, wat dir wësse musst.

 

Eis Minett Location vum Mount

Uni Campus Belval Dalmat Coffee House

 

Eise Gaascht: Lynn Jung

Scho vu klengem un ass déi mega talentéiert a sympathesch jonk Lëtzebuerger Sportlerin, Lynn Jung, aktiv. Ugefaangen huet hatt mat Turnen, duerno koume Ballet a lyreschen Danz dobäi. Esou konnt d’Lynn eng grouss Agilitéit entwéckelen. Schlussendlech huet d’Lynn seng Léift fir Parkour a Freerunning zu sengem Beruff kënne maachen.

Instagram  Facebook

 

Eise Quiz (Froen a Äntwerten):

  1. Virun der Schmelz um Belval gouf et hei schonn eng industriell Produktioun. Wéi eng?

Interessanterweis ass am Joer 1868 eng Quell mat qualitativ héichwäertegem Mineralwaasser um Belval entdeckt ginn. Vun 1893 un ass dëst Waasser mat grousse Succès an der Belsch an Holland, awer och zu Lëtzebuerg, verkaf ginn.

  1. Wéini ass ugefaange ginn déi wëssenschaftlech Gebaier vum Campus Belval vun der Uni Lëtzebuerg ze bauen?

2009 mat der Maison du Savoir, engem vun den zentrale Gebaier vun der Universitéit.

  1. Wéi vill Héichiewe ware maximal an der Schmelz um Belval a Betrib?

Et waren der maximal 6. No Moderniséierungsaarbechten tëscht 1965-1979 goufen dës duerch 3 néi a vill méi grouss a effizient Héichiewen ersat. Am Joer 1995 ass ee vun deenen 3 Héichiewen u China verkaf ginn, Stéck fir Stéck ofgebaut ginn an dohannen nees a Betrib geholl ginn.

Zousätzlech Informatiounen iwwert de Belval

Sujeten an dësem Episod:

  • Storm Freerun– eng professionell Parkour/Freerunner-Equipe vu London
  • Luci Romberg eng amerikanesch Profi-Freerunnerin, Virbild vum Lynn Jung
  • Mind the Gap – En RTL-Documentaire iwwert déi Lëtzebuergesch Freerunnerin Lynn Jung
  • Héichiewen um Belval – Méiglechkeet den Héichuewen A eleng oder mat enger Visite guidée besichen ze goen
  • Gebléishal– Si war en essentiellen Deel vun der aler Schmelz um Belval a steet momentan eidel. Den IK-CNCI schafft un engem kreative Konzept d’Gebléishal mat neiem Liewen ze fëllen. 
  • Source Belval – D’Geschicht vun der industrieller Waasserproduktioun um Belval. 
  • Esch2022 – Europäesch Kulturhaaptstad, d’Ouverture ass de 26.02.2022 
  • Urban Time Travel – E VR-Bustour, entwéckelt fir Esch2022, deen d’Awunner a d’Visiteuren d’Geschicht vum Belval erliewe léisst.
  • Café Dalmat – De Café um Belval, wou mer dësen Episod opgeholl hunn 
  • Red Rock Climbing Center – Kloterhal zu Zolwer um Scheierhaff 
  • Skatepark Diddeleng – En ëffentleche Skatepark zu Diddeleng 

 

D’Minett Mash-Up Team kontaktéieren:

Instagram  Email

 

All d‘ Episode vum Podcast fannt dir hei:

Minett Mash-Up: De Podcast