Wärmepumpe: eine umweltfreundliche Lösung, die für jeden zugänglich ist Nature & More - Family Day - 18.05.25 - En Dag an der Natur vum Ellergronn
arrow
quote quote

Loscht op Gemeinschaft a Participatioun?

Jonk engagéiert Leit aus dem Biosphärereservat „Minett UNESCO Biosphere“ oder der Ëmgéigend sinn invitéiert op eng Austauschrenkonter.

Copyright Foto: Angela-Hammer (Biosphärengebiet Schwäbische Alb)

Jonk Leit, tëscht 18 a 25 Joer, kënne sech nach bis den 30. Juni 2021 fir eng gratis Participatioun um „MAB Jugendforum 2021“ an der Schwäbischer Alb Biosphäreregioun an Däitschland, vum 24.-27. September 2021, umellen. Déi geplangte 60 Participanten aus 16 däitschen UNESCO Biosphärreserven an aneren Nopeschreserven erwaart e Programm zum Sujet vun der Participatioun, also den Engagement, d’Agebonneginn an  d’Matbestëmmung. Dat alles virum Hannergrond vun nohalteger Entwécklung a Biosphärreserven.

Déi jonk Erwuessener verbréngen e laange Weekend um Hofgut Hopfenburg zu Münsingen mat engem Austausch vun Iddie fir méi Participatioun, Ausflich an d’Biosphäreregioun Schwäbische Alb, verschidde Workshops, Nohaltegkeetstheemen, géigesäiteger Inspiratioun, Lagerfeierowender a villem méi. Nom Forum ass et d’Geleeënheet Är eege kleng Projete ronderëm d’Theeme vun der Participatioun an der Nohaltegkeet an Ärem eegene Biosphärereservat ëmzesetzen.

Interesséierter kënne méi Informatiounen iwwer de MAB Youth Forum 2021 vun der Administratioun vum „Minett UNESCO Biosphere“ Biosphärereservat kréien, +352 26 17 97 773, E-Mail: prosud@prosud.lu.

Hannergrond MAB Jugendforen:

„MAB – Man and the Biosphere“ ass en UNESCO Programm fir Erfuersche vun de Bezéiungen tëscht Mënsch an Ëmwelt. Et gëtt duerch dat weltwäit Netzwierk vu Biosphärereserven ëmgesat, Modellregiounen, déi nohalteg Entwécklung an Naturschutz verbannen.

D’Zil vun de Jugendfore vum MAB Programm ass et, fir jonk Erwuessener aus Biosphärereserve mateneen ze vernetzen, hir Identifikatioun mat Biosphärereserven ze stäerken, hir Motivatioun fir en Engagement ze promouvéieren, se weider ze bilden an hinnen eng Stëmm ze ginn. Jonk Leit, déi a Biosphärereservater liewen a schaffen, sollen encouragéiert ginn aktiv zu der nohalteger Entwécklung vu „hirem“ Biosphärereservat an dem weltwäite Reseau vu Biosphärereserve bäizedroen.

Den éischten internationale MAB Jugendforum war am Joer 2017 an der Po Delta Biosphere Reserve (Italien). Jonk Fräiwëlleger aus iwwer 142 Biosphärereserve ronderëm d’Welt hunn deelgeholl. Zënterhier goufen aner MAB Jugendfore vun ënnerschiddlecher Envergure weltwäit organiséiert. 2019 ass deen éischte MAB Jugendforum fir den däitschsproochege Raum am Rhön Biosphärereservat gewiescht.