Den Action humanitaire vum Athénée, enger vun den UNESCO-Schoulen hei am Land, invitéiert den Donneschdeg, 20. Mee um 18:00 op eng Konferenz iwwert den UNESCO Programm „Man and the Biosphere“, deen 1971 an d’Liewe geruff ginn ass an zu deem zënter Oktober 2020 och d‘“Minett UNESCO Biosphere“ zielt. Dës erstreckt sech iwwert de kompletten Territoire vun den 11 Gemengen, déi am Syndikat Pro-Sud zesummeschaffen.
(c) https://www.capewinelandsbiosphere.co.za/home
Um Programm vum Owend stinn eng Aféierung vun der Simone Beck, Presidentin vun der Lëtzebuerger Kommissioun fir d’Zesummenaarbecht mat der UNESCO, an de Sujet vun de Biosphärereservater, déi ënnert dem UNESCO-Label „Man and Biosphere“ funktionéieren. An dësen iwwer 700 Gebitter, déi weltwäit ze fanne sinn, soll d’Natur an d’Biodiversitéit net just erhalen a protegéiert ginn, mä och d’Awunner vun dëse Biosphärereservater sollen a punkto nohalteg Entwécklung an Transitioun sensibiliséiert ginn.
Am zweeten Deel vun der Konferenz schwätzt dann d’Managerin vun der „Minett UNESCO Biosphere“, Gaëlle Tavernier, iwwert déi éischt Regioun, déi de Biosphärelabel hei zu Lëtzebuerg kritt hutt. Si wäert Ablécker ginn an d’Biodiversitéit vum Lëtzebuerger Süden an erklären, wéi sech d‘“Minett UNESCO Biosphere“ an den nächste Jore soll virun entwéckelen.
Den Ofschloss vun der Konferenz maachen dann d’Schülerinnen a Schüler vum Optiounscours EDULINK aus dem Athénée, déi hir UNESCO-Partnerregioun, d’“Cape Winelands Biosphere Reserve“ am Ëmland vu Kapstadt a Südafrika presentéieren.
Wien interesséiert ass bei dëser Konferenz dobäi ze sinn, ka sech hei iwwer E-Mail aschreiwen.