E Vermicomposter fir jidderengem säi Gaart!
An der Woch vum 28. Juni huet d‘Minett UNESCO Biosphere (MUB) eng jonk Studentin aus der internationaler Schoul vun Déifferdeng begréisst. Als Deel vun dësem kuerze Stage hunn d’Studentin an d’Hana, Volontairin fit Kommunikatioun a Fuerschung an der MUB, e spannenden DIY Mini-Composter Projet getest!
Eng perfekt Aktivitéit fir e verreente Summerdag!
De MUB hat d’Chance ee vun de „Vermicomposter“ Kits ze kréien, déi vun „Noé-Noah“ an der Stad Déifferdeng entwéckelt goufen, fir e Workshop, deen am August 2020 stattfonnt huet. An deem Kit waren eng Rei Brieder, Drot fir en Héngerstall an Neel.Am Laf vun engem Dag hunn déi zwee esou zesummen e flotte klenge Komposter gemaach, deen um Büro vun der Minett UNESCO Biosphär benotzt gëtt!
Kompostere sinn e super Wee fir ären organeschen Offall zu benotzbare Planzebuedem fir de Gaart ze verwandelen. „Vermicomposters“, wéi deen, deen d‘Equipe vun der MUB gemaach huet, si besonnesch gutt, well se mat Hëllef vu Wierm funktionéieren. Dës hëllefen effikass fir är Kichenoffäll an e gesonde Buedem mat villen Närstoffer dran ze transforméieren.
Effektiv liwwere Komposter mat Wierm dran e Buedem, dee vill méi räich u Stéckstoff, Phosphor, Kalium a Huminsaier ass, ewéi konventionell Komposteren. Dës Elementer sinn extrem gutt fir d’Planzenzorten an ärem Gaart, well se hinnen hëllefe méi séier ze wuessen a glécklech a gesond ze bleiwen!
Och wann dës Kits momentan net méi verfügbar sinn, ka jiddereen einfach säin eegene Vermicomposter maachen a mat Projet e puer lëschteg Stonnen am Krees vu Frënn oder Famill verbréngen. D‘Minett UNESCO Biosphere plangt dës DIY-Kits an noer Zukunft nees fir de Verkaf produzéieren ze loossen!
Méi detailléiert Informatiounen iwwer Noé-Noah Vermicomposters fannt dir, wann dir hei klickt.
Follow-up Video Tutorials fir d‘Noé-Noah Vermicomposting Kits fannt Dir ënner dësem Link:
Referenz: Patterson. S, (2021, 21 mai). „Why Your Composting Strategy Needs Worms“ Off the Grid News.