Mission Zéro Carbone Minett Mash-Up: De Podcast Unsere pädagogischen Aktivitäten Gratis Obst aus Minetter Obstgärten
arrow
quote quote

D’Deeg vun der Biodiversitéit – Programm vum Dag vun der Natur

Sonndes, de 6. Juni ass den Dag vun der Natur am Naturschutzzentrum Ellergronn. Kommt laanscht a maacht mat bei engem Workshop vun enger Stonn, spadséiert duerch en natierleche Site vu groussem biologeschen Interessi, schwätzt mat Naturalisten, entdeckt faszinéierend Disziplinnen. Rendezvous tëscht 10:00 a 17:30. Workshoppen um: 10:00; 11:30; 14:00; 15:30

Wéinst gesondheetleche Mesuren am Zesummenhang mat der Covid-19 Pandemie muss ee sech am Virfeld umelle fir un engem Atelier deel ze huelen. D’Unzuel vu Participanten ass op 10 Persoune limitéiert an et kann ee leider just bei maximal 2 Ateliere matmaachen.

Kontakt fir sech unzemellen:
E-Mail: ellergronn@anf.etat.lu
Telefon: 247-56516

Den Detail vun den Atelieren:

DIY: Meng Quell doheem
D’Kënschtlerin Hisae Ikenaga baut mat iech en dekorative Reewaasserkollektor, deen dir duerno um Balcon, op der Terrass oder am Gaart benotze kënnt.
Mindestalter fir matzemaachen: 8 Joer

Science & Art
D’Grafikdesignerin Isabelle Mattern hëlt iech mat op eng Entdeckungrees vun natierlechen Texturen duerch d’Printe mat Planzen an aneren organesche Materialien.
Mindestalter fir matzemaachen: 8 Joer

Kanéngerchers- a Mierschwéngerchersführerschäin
D’Mataarbechter vum Escher Déierepark bréngen iech op spilleresch Manéier bäi wéi ee sech richteg ëm Kanéngercher a Mierschwéngercher këmmert.
Mindestalter fir matzemaachen: 5 Joer

Eating Map
Mam Projet eng Kaart ze maachen, mat Degustatiounen an Temoignagë kënnt dir d’Geheimnisser hannert de Planzen, deene mir am Alldag begéinen, kenneléieren. Dësen Atelier gëtt vun der Bonneterie zesumme mat ESCH 2022 proposéiert.
Mindestalter fir matzemaachen: 5 Joer

De Mini-Goart
Den « Escher Geméisgoart » weist iech an dësem Atelier wéi een aus engem Fënsterbriet, engem Balcon oder enger klenger Terrass e richtege Gaart ka maachen.
Mindestalter fir matzemaachen: 5 Joer

Biodiversitéit am Bësch
De Bësch, seng Planzen a seng Déieren ertaaschten, kenneléieren a verstoen, dat ass d’Zil vum Atelier, dee vum ’natur musée‘ proposéiert gëtt.
Mindestalter fir matzemaachen: 5 Joer

Fotofalen a Biodiversitéit
An dësen Atelier, organiséiert vum LIST, kritt een erkläert wéi een d’Villfalt vun der Déierewelt zu Lëtzebuerg mat Hëllef vu Fotofale beobachte kann.
Mindestalter fir matzemaachen : 6 ans

Mär schnëtzen
Aus Holz gëtt Konscht. Kanner kréie gewise wéi ee mat engem Schnëtzmesser eege Skulpturen aus Holz ka maachen. En Atelier organiséiert vun der ANF.
Mindestalter fir matzemaachen: 8 Joer

Buerféiss duerch de Bësch
Entdeckt de Bësch am Ellergronn op eng aner Aart a Weis andeems dir, vun Experte vun der ANF, ouni Schong, also buerféiss doduerch gefouert gitt.
Mindestalter fir matzemaachen: 4 Joer

Apicool
Apicool erklären alles ronderëm d’Bei. En Atelier, deen der Bei Roll am Erhale vun der Biodiversitéit a bei eisem deeglechen Iesse weist, mä och op d’Geforen opmierksam mécht, deenen d’Beien ausgesat sinn.
Mindestalter fir matzemaachen: 5 Joer