Hei ass de Programm vun den Deeg vun der Biodiversitéit, déi d‘“Minett UNESCO Biosphere“ zesumme mat hire Partner vum 3. bis de 6. Juni am Naturschutzzentrum Ellergronn organiséiert:
03.06.2021 – Business Day
Organisatioun vun enger Visite guidée fir Entreprise mat wëssenschaftlechen Experte ronderëm Themen: Entomologie, Botanik, Ornithologie. D’Zil ass et d’Firmen op déi onerwaart Biodiversitéit vun der Minett UNESCO Biosphere opmierksam ze maachen. Et ass och eng Méiglechkeet déi wëssenschaftlech Methoden, déi fir d’Identifikatioun vun der Biodiversitéit benotzt gi live ze gesinn. Dës Visite ass och Umeldung an all d’Plaze si leider ausgebucht.
04.06.2021 – Kids Day
Schülerinnen a Schüler aus 11 verschiddene Klassen hunn d’Méiglechkeet d’Minett UNESCO Biosphere iwwer e pedagogesche Circuit mat spezifesche Workshops kennen ze léieren. Organiséiert ginn d’Ateliere vu Fuerscher vun der ANF, dem Naturmusée, dem LIST a SICONA.
05.06.2021 – Science Day
Organisatioun vun engem Bioblitz: Wëssenschaftler maachen en intensiven an zäitlech begrenzten Inventaire fir Déieren- a Planzenzorten, déi am Ellergronn present sinn, z’identifizéieren an opzelëschten. Awunner oder Visiteure vun der Minett UNESCO Biosphere kënnen aktiv iwwert d’iNaturalist Smartphone App um Inventaire vun der Biodiversitéit a hirer Gemeng deelhuelen.
Méi Informatiounen: https://inaturalist.minett-biosphere.lu
06.06.2021 – Family Day
Organisatioun vum Dag vun der Natur. Kommt a maacht mat bei engem Workshop vun enger Stonn, spadséiert duerch en natierleche Site vu groussem biologeschen Interessi, schwätzt mat Naturalisten, entdeckt faszinéierend Disziplinnen. Rendezvou tëscht 10:00 a 17:30. Workshoppen um: 10:00; 11:30; 14:00; 15:30
Wéinst gesondheetleche Mesuren a Relatioun mat der Covid-19 Pandemie muss ee sech am Virfeld umelle fir un engem Atelier deel ze huelen. D’Unzuel vu Participanten ass op 10 Persoune pro Atelier limitéiert.
Den Detail vun den Atelieren a wéi ee sech fir maximal 2 Atelieren kann umellen, fannt dir en Dënschdeg op dëser Plaz.