Wéi all Joer ass den 22. Mee den internationalen Dag vun der Biodiversitéit.
2001 hunn d’Vereenten Natiounen den Datum vun dësem Dag an de Mee geréckelt, fir esou un den 22. Mee 1992 z’erënneren. Op deem Dag ass d’Convention on Biological Diversity offiziell ugeholl ginn. A Kraaft getrueden ass d’CBD dunn den 29. Dezember 1993.
D’Ziler vun dëser Konventioun sinn den Erhalt vun der biologescher Diversitéit, den nohaltegen Ëmgang mam natierleche Räichtum an déi gerecht Opdeelung vu Virdeeler, déi duerch d’Notze vu genetesche Ressourcen entstoe kënnen.
An dësem Joer steet den internationalen Dag vun der Biodiversitéit ënnert dem Motto: „We’re part of the solution“.
Déi intersektoriell Strategie vun der UNESCO fir Biodiversitéit baséiert op dräi Pilieren: d’Relatioun tëscht Mënsch an Natur erëm hierstellen an Ökosystemer regeneréieren; d’Harmonie vun eisen Ökosystemer erhalen; an d’Muecht vun der Jugend stäerken.
D’Sitten, déi vun der UNESCO designéiert sinn (1121 Weltkulturierwen, 714 Biosphärreservater an 161 global Geoparken) sinn d’Réckgrat vun dëser Strategie. Si couvréiere 6% vun der Landfläch vum Planéit a si Schlësselberäicher, wou d’Leit léieren an Harmonie mat anere liewegen Aarten ze liewen a wou Erfarunge gedeelt gi fir de Benefice vun eis all.
Méi Informatiounen iwwert de Weltdag vun der Biodiversitéit fannt dir um offizielle Site vun der UNESCO.