Mission Zéro Carbone Minett Mash-Up: De Podcast Naturlab: Entdeckt de Minett Nature Explorer: Eis Ateliere fir Jonker
arrow
quote quote

Minett Mash-Up: Episod 14 – Michel Dadario X Zirkuswon Schëffleng

E Liewe laang op der Schmelz geschafft

 

 

Den aktuellen Episod vun eiser Rees duerch de Minett huet eis op Schëffleng gefouert. Bis 2013 ass zu Schëffleng an der Schmelz Stol produzéiert ginn an och wann d’Metzeschmelz haut net méi a Betrib ass, war Schëffleng eng Plaz, déi sech ugebueden huet fir eng Kéier am Detail iwwert d’Liewen an d’Schaffen op der Schmelz ze schwätzen.

De Minett Trail, dee fir eis de roude Fuedem fir de Choix vun de Locations ass, féiert zu Schëffleng laanscht de Marxeweier. Dës Plaz an hir Legend si weidert Sujete vun dësem Episod, dee sech awer virun allem op d’Schaffen an der Schmelz konzentréiert.

Eise Gaascht: Michel Dadario

De Michel Dadario huet an de spéiden 1960er op der HADIR zu Déifferdeng ugefaange mat schaffen. Am Laf vu senger berufflecher Karriär ass d’HADIR vun der ARBED iwwerholl ginn. Aus der ARBED ass dunn d’Arcelor ginn, déi schliisslech 2002 duerch eng Fusioun zu Arcelor-Mittal ginn ass.

© Minett UNESCO Biosphere / IK-CNCI

De Choix vum Michel Dadario fir op d’Schmelz ze goen ass thematiséiert ginn. Sujet ware säi beruffleche Parcours duerch verschidde Betriber vun der Déifferdenger Schmelz an d’Stolkris vun den 1970er. Am Laf vu senge Joren op der Schmelz hat eise Gaascht sech och gewerkschaftlech engagéiert, wat eis natierlech och interesséiert huet. Am Episod huet de Michel Dadario eis awer och déi eng oder aner Anekdot vu senger Zäit op der Schmelz verzielt.

Eis Minett Location vum Mount: Schëffleng

D’Gemeng Schëffleng

Schëffleng ass zesumme mat Rëmeleng eng vun zwou Gemengen aus dem Lëtzebuerger Süden, déi eréischt nom Start vun der industrieller Exploitatioun vun der Minett am 19. Joerhonnert, eng eege Gemeng ginn ass. Per Gesetz ass Enn August 1876 d’Uertschaft Schëffleng vun der Gemeng Esch-Uelzecht getrennt ginn.

Schëffleng ass mat 771 Hektar eng vun de klenge Gemengen am Süden an awer liewen haut iwwer 11000 Leit hei. Am Norde mécht déi renaturéiert Uelzecht d’Grenz mat den Nopeschgemengen, am Süden ass et dat fréiert Dagebaugebitt vum Lalléngerbierg, wat haut eng Kärzon vun der Minett UNESCO Biosphere ass a wou eng vun de gréisste Populatiounen u Bëschléiercher aus dem Süden ze fannen ass.

D’Kabaische vum Mount: Zirkuswon

U sech sollt d’Kabaische vun der Schëfflenger Gemeng an d’Entrée vum Naturschutzgebitt Lalléngerbierg kommen. Hei steet en ale Waasserbaseng, deen net méi benotzt gëtt an dee sollt zu enger vun den 11 Kabaisercher vum Minett Trail ginn.

Aus diverse Grënn kann dee Projet einstweilen net realiséiert ginn, fir de Wanderer um 90 Kilometer laange Wanderwee duerch déi 11 Südgemengen awer d’Méiglechkeet ze ginn och zu Schëffleng den Akku no engem Wanderdag nees opzelueden, huet d’Gemengeverwaltung en Zirkuswon renovéiert a provisoresch installéiert. D’Schëfflenger Kabaische steet beim Marxeweier, deen am Kader vun Esch2022 nei amenagéiert gouf an invitéiert net just d’Natur ronderëm, mä och déi al Legend vum Marxeweier z’entdecken.

Source: www.simpleviu.com

Eise Quiz:

Wisou heescht d’Schmelz, déi tëschent Esch a Schëffleng louch “Metzeschmelz”? 

  • Well dësen Numm vun de Responsabele fir de neie Quartier ze bauen esou erausgesicht gouf. 
  • Well de Grënner vun der Schmelz eigentlech e Steemetz war.
  • Well ee vun de Grënner vun der Schmelz mam Familljennumm “Metz” geheescht huet.

 

Gegrënnt gouf d’Schmelz 1871 vum Norbert Metz an dem Victor Tesch. D’Schmelz huet am Ufank mat véier Héichiewe funktionéiert. Et war eng vun den éischte Schmelzen, déi an direkter Noperschaft vun de Minettslagere gebaut gouf. D’Käschte goufen tëscht den zwéi Partner gedeelt. D’Schmelz gouf esou konzipéiert, dass se e bësse wéi e Spigel gebaut gouf. 2 Héichiewe mat allen Funktiounen déi eng Säit an dat selwecht déi aner Säit. Wann d’Famillen Tesch a Metz sech eng Kéier hätte solle streiden, hätt d’Schmelz an zwee kënne gedeelt ginn.  

Och wann de Marxeweier net direkt um Minett Trail läit, esou ass deen awer bannent e puer Minutte vun hei z’erreechen. E geet jo vu Kënzeg bis Beetebuerg, respektiv Diddeleng. Duerch wéi vill Naturschutzgebitter féiert de Minett Trail am Ganzen?

  • 2
  • 4
  • 8

 

Et sinn am Ganzen aacht Naturschutzgebitter: Beetebuerger Bësch; Dumontshaff; Lalléngerbierg-Brucherbierg; Léiffrächen; / Haard-Hesselsbierg-Staebierg; Ellergronn; Kiemerchen-Scheiergronn-Groussebësch a Prënzebierg (Giele Botter).

Wéini ass zu Déifferdeng den éischte Grey-Träger gewalzt ginn? 

  • 1940
  • 1920
  • 1911

 

Linke bei d’Sujete vun dëser Episod:

  • Déifferdenger Schmelz – Stolwierk zu Déifferdeng, wat fir d’éischt vun der HADIR an duerno vun der ARBED bedriwwe gouf. Haut ass eent vun de Lëtzebuerger Wierker, déi der Stolentreprise Arcelor-Mittal gehéiert
  • Kris an der Stolindustrie – No der Pëtrolskris vun 1973 ass et a ganz Europa zu enger massiver Kris am Secteur vun der Stolproduktioun komm
  • Produktioun vu Stol – Wikipedia-Artikel iwwert d’Manéier ewéi Stol produzéiert gëtt
  • Fernand Wagner – Ingenieur a fréieren Direkter vun der ARBED
  • Comité mixte – Organ vum Sozialdialog an de grousse Lëtzebuerger Entreprisen
  • Metzeschmelz – fréiert Stolwierk tëscht Esch a Schëffleng
  • FerroForum – Associatioun, déi gegrënnt gouf fir de kulturellen, industriellen an handwierkleche Patrimoine an d’Wësse ronderëm d’Produktioun vun Eisen a Stol z’erhalen an ze promouvéieren
  • Dagebaugebitter am Minett – Déi fréier Dagebaugebitter laanscht déi franséisch Grenz sinn haut d’Kärzone vun der Minett UNESCO Biosphere
  • Maison Schneider – fréiere Bistro, Restaurant an Epicerie, un der Grenz tëscht Déifferdeng an Héiseng an der Géigend vum Dagebaugebitt Uewerkuer
  • Projet Metzeschmelz – Neie Quartier, fir bis zu 10000 Awunner, deen op de Frichë vun der aler Schmelz tëscht Esch a Schëffleng entstoe wäert 
  • Metzeschmelz CUEVA 2022 – Konschtprojet am Summer 2022 op de Frichë vun der Metzeschmelz
  • Schmelzaarbechter Musée – Musée dee sech mat der Aarbecht an dem Liewe vu fréiere Schmelzaarbechter beschäftegt (Méi Info: Reportage radio 100,7)
  • Kannerbongert Déifferdeng – Pedagogesche Projet um Bierg tëscht Nidderkuer a Lasauvage
  • Marxeweier – Plaz zu Schëffleng, déi fir Esch2022 nei amenagéiert ginn ass, fir déi bal vergiesse Legend vum Marxeweier nees nei ze beliewen
  • Source Belval – Sujet am Podcast Episod vum Mount Mee
  • Grey-Träger – Stolträger, deen zënter 1911 zu Déifferdeng produzéiert gëtt a weltwäit exportéiert gëtt

 

Biller aus der Déifferdenger Schmelz

© Robert Rabiller

De Podcast gëtt realiséiert mat der Ënnerstëtzung vun:

Kontaktéiert eis:

+352 26 17 97 1