Haut huet d‘Minett UNESCO Biosphere, déi vum Gemengesyndikat PRO-SUD bedriwwe gëtt, hiren éischte Joresdag an der Téitenger Schungfabrik gefeiert. Ënner de ronn 70 Gäscht hätt och sollen d’Meriem Bouamrane als Gaaschtriednerin sinn.
D‘Meriem Bouamrane ass Ëmweltekonomin, Cheffin vun der Sektioun fir Fuerschung a Politik am Zesummenhang mat biologescher Diversitéit an der Sektioun fir Ökologie a Geowëssenschafte vum UNESCO-Programm „The Man And The Biosphere“, fir dee si zënter 2001 schafft.
Si ass d’Coordinatrice vum EuroMAB-Reseau, deem eelsten a gréisste Reseau vum Weltnetz vun de Biosphärereservater. Domat ass si responsabel fir Fuerschungs- an Ausbildungsprogrammer iwwer den Zougang an d’Benotze vun der Biodiversitéit, participatoresch Usätz a Concertatiounen, an deene Biosphärereservater als Fuerschungs- an Demonstratiounsgebitter genotzt ginn.
D’Meriem Bouamrane huet an hirer Funktioun eng Partie Workshoppe mat participativen Techniken an Instrumenter a Biosphärereservater organiséiert a duerchgefouert an un enger Rei Fuerschungsprogrammer zur Resilienz vu sozio-ökologesche Systemer a participativer Methodik deel geholl.
Doriwwer eraus ass d’Meriem Bouamrane Member vun der wëssenschaftlecher Kommissioun vum PECS (Programme on Ecosystem Change and Society), dat vun der UNESCO an der ICSU gesponsert gëtt a vum Stockholmer Resilienzzentrum gedroe gëtt a si ass d’Kontaktpersoun fir IPBES a Biodiversitéit bannent der UNESCO.
Reesrestriktioune vu Säite vun der UNESCO hunn et allerdéngs net zougelooss, datt d’Meriem Bouamrane perséinlech op de Festivitéite fir den éischte Joresdag vun der Minett UNESCO Biosphere konnt deelhuelen. D’Wëssenschaftlerin huet et sech awer net huele gelooss d’Eenzegaartegkeet vun eisem Biosphärereservat an engem Videomessage ervir ze sträichen.
An dësem Video geet d’Meriem Bouamrane och op d’Erausfuerderungen an, wéi een an urbane Gebitter Naturschutz, – erhalt a reconversioun ënnert een Hutt brénge kann a kuckt no vir op déi grouss Challengen, déi net just op d’Minett UNESCO Biosphere an déi aner Biosphärereservater aus dem UNESCO-Programm „Man and the Biosphere“ an den nächste Joren a Joerzéngte waarden, mä och op déi gesellschaftlech Erausfuerderungen, déi mam Klimachangement an dem Verloscht u Biodiversitéit op eis alleguerte wäerten duerkommen.