Lisa Junius X Escher Gaalgebierg
An dëser Episod klamme mir bis op den Escher Gaalgebierg a begéinen der talentéierter Kënschtlerin Lisa Junius. Mir diskutéieren iwwert hir divers Kreatiounen an hir enk Verbindung zum Minett. Als Bonus, gëtt eis Wëssen iwwer d’Geschicht vum Escher Gaalgebierg getest!
![]() |
![]() |
![]() |
![]() |
![]() |
![]() |
Eis Minett Location vum Mount
Escher Gaalgebierg, Kiosk, 4325 Esch-sur-Alzette (Google Maps: 49°29’34.1″N 5°59’17.5″E)
Stadpark Gaalgebierg – Guide historique et architectural Esch-sur-Alzette from C2DH on Vimeo.
Eise Quiz (Froen a Äntwerten):
Wéini gouf de Stadpark hei um Gaalgebierg offiziell ageweit?
- 1.-3. September 1912 mat Freedefeier, Concert , Bal populaire a Kiermes.
- Entworf gouf de Park vum Architekt Paul Flesch.
Aus wéi engem Material war de fréiere Kiosk gebaut wou mir hei sëtzen?
- De Kiosk war fréier a Form vun enger chineesescher Pagode (inspiréiert vun de Weltausstellungen) aus Holz op engem Sockel aus Beton armé.
- Et war fréier eng vun de beléiftsten Attraktioune vun den Escher Bierger.
- De fréiere Kiosk gouf duerch ee Brand zerstéiert an néi opgeriicht awer net méi an der Form wéi e fréier war.
Wéi vill Zorte vu Rouse ginn et insgesamt am Rousegaart?
- De Rousegaart huet 6.000 Rousestäck a 450 Rousenzorten.
- De Rousegaart gouf 1934 vum Paul Flesch kreéiert.
- Hei um Gaalgebierg war den éischte Rousegaart am Land.
- Lëtzebuerg war international bekannt fir seng Rousen (och als “Rouseland” bekannt), déi zu Walfer an am ganzen Uelzechtdall geziicht goufen. Dës Rouse goufen duerch d’ganz Welt exportéiert, wéi z.b. a Russland an a Brasilien.
Op wéi eng Schmelz gesäit een?
- Et gesäit een direkt Enne riets op déi fréier „Schëfflenger Schmelz“ oder och „Metzeschmelz“ genannt.
- Si gouf 1871 a Betrib geholl an huet vill zur Entwécklung an dem Wuelstand vun der Stad Esch-Uelzecht an der Gemeng Schëffleng bäigedroen. Insgesamt war d’”Metzeschmelz” bal 150 Joer a Betrib.
Iwwer d‘Lisa Junius
D’Lisa Junius ass eng fräiberufflech Kënschtlerin, am 1535° Creative Hub zu Déifferdeng. D’Lisa engagéiert sech a verschidde Konschtmedien, dorënner Wandmolerei, Printen, Keramik, Stationery, Bijouen, Accessoiren, Pins a souguer Tarotkaarten!
Fir méi Informatiounen a fir hiren Online-Store klickt op déi folgend Linken!
Homepage 1535° Creative Hub | Homepage Lisa Junius | Lisa Junius on Instagram |