Wousst dir schonn, datt en Uebstbam bis zu 500 Kilo Friichte kann droen? Leider fault all Joer eng grouss Quantitéit vun Uebst op, oder ënnert den Uebstbeem, well et net gepléckt gëtt. Fir dës Verschwendung vu Liewensmëttel ze verhënneren, hunn de Landwirtschaftsministère an de SYVICOL elo zesummen d’Initiativ „Ruban jaune / Gielt Band“ gestart.
Och d’Minett UNESCO Biosphere schafft un enger Kaart vun de fräi zougänglechen Uebstbeem um Territoire vun den 11 PRO-SUD Gemengen.
