„Rocklines. A journey through Minett, the sea of red rocks“ geet virun. 25 Leit ware gëschter bei engem eenzegaartege geopoeteschen Evenement am Minett dobäi.
Et war en „Hike & Bite“ an der Biosphärekärzon vum Schëfflengerbierg-Lallengerbierg. Bei beschtem Wieder goung et vu Schëffleng an „Afrika“, op de „Polarkrees“ an zeréck an déi ursprénglech Bëscher aus dem Minett.
Begleet gouf den Trëppeltour vu Liesungen, fir déi den Davide Sapienza déi passend Texter zu de gesammelten Andréck erausgesicht hat.
Nom Trëppeltour huet e Brunch, dee vun der Schëfflenger Gemeng offréiert gouf, dëse geopoetesche Sonndeg ofgeronnt. Hei sinn e puer Impressioune vum Hike: