Pathways to participation:
connecting diverse communities through place
Dat ass den Titel vun enger Fuerschungsprojet, deen den Ament am Kader vun Esch2022 – Europäesch Kulturhaaptstad bei der Uni.lu leeft.
En Abléck an hir aktuell Aarbecht an och eng Aféierung an de Sujet vun der Geografie vun den Emotioune bidden iech déi zwou Fuerscherinnen hannert dësem Projet fir Esch2022, Estelle Evrard a Lise Landrin, dëse Mëttwoch 14. Juli vun 13:30 un am Kader vun eiser Konferenz „Geography in (e)motion“ am Auditoire 3500 vun der Maison du Savoir um Belval.
E puer lescht Plaze fir bei der Konferenz, déi am Respekt vun den aktuelle Corona-Mesuren ofleeft, sinn nach disponibel. Mellt iech einfach hei un.
Fir iech schonn e klengen Abléck an de Projet ze ginn, kënnt dir hei béid Fuerscherinnen an zwee kuerze Videoe kenneléieren.