Viru kuerzem ass déi 3. an aktualiséiert Editioun vun der Broschür « Sur les traces du passé » vun der Fondation Bassin Minier erauskomm.
Et ass en touristesche Guide, bei deem dat industriellt Ierwe vun eiser Regioun am Mëttelpunkt steet. An 10 verschiddene Kapitele ginn d’Auteuren op divers Aspekter vum Minett, vu senger Geschicht a vu sengem industriellen an architektonesche Patrimoine an, ouni dobäi awer och d’Géigewaart ze vergiessen.
Muséeën, Héichiewen a Fassaden
Am éischte Kapitel kritt een déi divers industriell Muséeën an der Géigend presentéiert. Dat sinn d’Site vum Minett Park am Fonds-de-Gras bis bei den nationalen Zenter fir industriell Kultur zu Diddeleng.
Den neie Quartier Belval, mat seng Héichiewen, steet net an dësem Kapitel vum Guide, mä kritt en eegent an deem een op 6 Säite méi iwwert déi lescht Héichiewen, déi zu Lëtzebuerg erhale sinn, gewuer gëtt.
Duerno proposéiert d’Broschür vun der Fondation Bassin Minier eng Rees duerch déi villfälteg Architektur vum Minett, duerch al Aarbechterquartieren, mä och iwwer grouss Boulevarden, déi Zeie sinn vun enger Epoch, wou de Räichtum vum Land aus dem roude Buedem vum Minett geholl ginn ass.
Vum Patrimoine an d’Natur, kombinéiert mat Kultur
D’Spueren dovunner si bis haut nach an der Natur vum Minett ze fannen, esou datt et logesch ass, datt e ganzt Kapitel de Lieser, an der aktualiséierter Versioun vun dësem Guide, mat an d’Natur hëlt.
Hei geet et ze Fouss duerch déi al Dagebaugebitter an et kritt ee scho Loscht gemaach op den neie Minett-Trail, dee fir Esch2022 – europäesch Kulturhaaptstad realiséiert gëtt an de Visiteur vum Minett am nächste Joer iwwer ronn 90 Kilometer duerch déi 11 Membergemenge vum Syndikat Pro-Sud féiert.
Op weidere Säite vum Bichelche „Sur les traces du passé“ gëtt ee méi gewuer, wat haut nach un Industrie an Innovatioun an der Regioun ze fannen ass. Ee Kapitel an der Broschür beschäftegt sech mat der kultureller Offer, déi de Minett ze bidden huet an e weidert mat der Gastronomie am Süde vu Lëtzebuerg an eent mat de sportleche Méiglechkeeten an Offeren, déi fir iech opstinn.
Du Guide ass gratis, läit op ville Plazen aus a ka bei all Pro-Sud Gemeng mat ewech geholl ginn. Vill Spaass beim Liesen an duerno beim Entdecke vum Minett.