Wasser ass eng wichteg natierlech Ressource an eisem Biosphärereservat.

De Klimaprojektiounen no, ass dovunner auszegoen, datt d’Wantere méi fiicht an d’Summere méi dréche wäerte ginn. Dëst, kombinéiert mat héijen Temperaturen am Wanter, dierf d’Warscheinlechkeet, datt et an Zukunft schneit reduzéieren an och de Risiko vun Iwwerschwemmungen dierft klammen. Schnéi wäert net méi als Pufferspäicher zur Verfügung stoen. Et gëtt och erwaart, datt sech d’Unzuel an d’Intensitéit vun extreemen Nidderschléi erhéicht. Mä och dréche Perioden an domat verbonnen, niddreg Peegelstänn wäerte méi dacks virkommen. Duerch Schwankungen an der Verdeelung vun Nidderschléi iwwert d’Joer ginn déi kommunal Waasserreseaue viru grouss Erausfuerderunge gestallt.
Fir d’Bewosstsinn fir d’Bedeitung vun enger Reewaasserkollekte ze schäerfen, hu mir eis decidéiert, mat der Kënschtlerin a Laureatin vum „Luxembourg Encouragement for Artists Prize 2020″, der Hisae Ikenaga, déi hei zu Lëtzebuerg lieft a schafft, e Do-It-Yourself-Reewaasserkollektor ze kreéieren, dee jiddereen op säi Balcon, seng Terrass oder a säi Gaart kann hänken.

Berode goufe mir, als Minett UNESCO Biosphere, an dësem Prozess vum Waasserwirtschaftsamt, der Ëmweltberodung Lëtzebuerg a.s.b.l. (EBL) an dem Formida-Zenter fir Prototypenentwécklung. Zënter hier hu mir och eng Rei Workshoppen organiséiert an dësen DIY-Projet mat Succès getest. und haben seitdem mehrere Workshops durchgeführt, um dieses DIY-Projekt zu testen.
Fir datt jidereen sech säin eegene Reewaasserkollektor baue kann, hu mer och en Handbuch an e Video-Tutorial ausgeschafft, esou datt dir gesitt ewéi einfach ee seng eege Quell doheem ka maachen.