Joyeuse Entrée am Minett
Déi groussherzoglech Koppel kënnt op Esch
Datum(er)
Begréisst mat eis déi groussherzoglech Koppel am Minett! Kommt a feiert mat eis dës Joyeuse Entrée🎉 – e festlechen a gesellege Dag fir jiddereen!
Déi groussherzoglech Koppel kënnt géint 16 Auer um Belval un, mat Animatioune fir Grouss a Kleng schonn ab 15 Auer.
BELVAL | ab 15 Auer mat musekaleschen Empfang a festlechen Animatiounen, interaktive, wëssenschaftlechen an technologeschen Aktivitéiten, Expoen an Animatiounen
📍 Bei der Halle des Poches à Fonte
BRILLPLAZ | ab 16 Auer mat 🎪 groussem Volleksfest am Thema vum Zirkus. Et ginn Zirkus-Spektakelen an Animatiounen, kënschtleresch a musikalesch Optrëtter, Ateliere fir all Alter a Stänn vu lokale Produzenten, Foodtrucks & Gedrénksstänn.
Genéisst d'Animatiounen ab 16 Auer, éier dir déi groussherzoglech Koppel géint 17 Auer begréisst.
🎶 E Bal géint 18 Auer, duerno musikalesch Animatioune mat DJ bis 22 Auer
📍 Place de la Résistance (Brillplaz)