En Dënschdeg Owend huet d’Minett UNESCO Biosphere hire 5. Anniversaire gefeiert. De Kader vun der Zeremonie, déi op den Dag genee fënnef Joer no der Opnam vun der Regioun an de weltwäite Reseau vun den UNESCO-Biosphärereservater organiséiert gouf, war déi fréier Kierch „Sainte-Barbe“ am Biergaarbechterduerf Lasauvage. Dëst huet d’Wichtegkeet déi den industrielle Patrimoine fir déi eenzeg lëtzebuergesch Inscriptioun am UNESCO-Programm „Man and the Biosphere“ ënnerstrach.
Wärend dem offiziellen Deel vun de Feierlechkeeten huet de Gaaschtriedner, den Dr. Gerhard Mörsch, e Bléck op déi éischt Jore vun der Minett Biosphere gehäit. Hien huet d’Dynamik vun der Regioun gelueft, déi zënter fënnef Joer aktiv dorunner schafft, eng Modellregioun fir dat respektvollt Zesummeliewe vu Mënsch an Natur ze ginn, am Aklang mat den UNESCO-Richtlinne vum weltwäite Reseau vun de Biosphärereservater. Den Direkter vun der UNESCO-Biosphär Bliesgau huet och betount, datt déi zukünfteg Entwécklung vun enger Biosphär, no der éischter Euphorie iwwer d’Opnam an de globale Reseau, net nëmmen en aktiivt Abanne vun der lokaler Bevëlkerung, mee och eng breet politesch Ënnerstëtzung op kommunalem, regionalem an nationalem Niveau erfuerdert.
![]() |
![]() |
© Photos: Jessica Theis
Um Ufank vum Owend huet de Christian Weis, President vum Syndikat PRO-SUD, deen d’Minett UNESCO Biosphere geréiert, sech zefridde gewisen, datt dat regionaalt Engagement vun den eelef Gemengen am Süde vu Lëtzebuerg an de leschte fënnef Joer Friichte gedroen huet. Hien huet d’Aféierung vum Ëmweltbildungsprogramm MiNELL (Minett Natur an Ëmwelt Léier Lab) an d’Realiséierung vun enger regionaler bioklimatescher Etüd ernimmt, déi et de Gemenge vun der Biosphär an Zukunft erlaabt, hir weider urbanistesch Entwécklungen op zolidd wëssenschaftlech Donnéeën iwwer den erwaarte Klimawandel ze baséieren.
An hirer Ried huet d’Catherine Decker, Generalsekretärin vun der Lëtzebuerger UNESCO-Kommissioun, den Engagement vum Personal vum Biosphärereservat ervirgehuewen. Duerch hiren Asaz fir de Programm „Man and the Biosphere“ an d’Projeten, déi an den éischte fënnef Joer lancéiert goufen, huet Lëtzebuerg sech fest an dësem wëssenschaftleche Programm vun der UNESCO verankert an dréit esou zum Iwwergang vun der Weltgemeinschaft zu enger Gesellschaft bäi, déi sech am Respekt virun eisem Planéit a senge Ressourcen entwéckelt.
![]() |
![]() |
© Photos: Jessica Theis
Schlussendlech huet de Minister fir Wunnengsbau a Landesplanung, Claude Meisch, déi villfälteg Méiglechkeeten ënnerstrach, déi d’Ëmgestaltung vun alen Industriebroochen an d’Opwäertung vun nach net entwéckelte Gebidder bidden. Als Beispill huet hien de Projet NeiSchmelz zu Diddeleng ernimmt, wou en aalt Stolwierk an e CO2-neutralen Öko-Quartier transforméiert gëtt. Och de Site Metzeschmelz, tëscht Esch-Uelzecht a Schëffleng, soll e gemëschten, nohaltegen a biodiversitéitsfrëndleche Quartier ginn. Dës Projete weisen de Wëllen, an Zukunft Liewens- a Wunnraim am Aklang mat der Natur ze schafen, déi dem Wuelbefanne vun alle Mënschen déngen. Duerch d’Verankerung vun der Minett UNESCO Biosphere am aktuelle Landesplanungsprogramm (PDAT) an déi enk Zesummenaarbecht tëscht dem Syndikat PRO-SUD an dem Departement fir Landesplanung, wäert d’Biosphärereservat weiderhin eng wichteg Roll bei der Transformatioun vun der Südregioun zu enger Modellregioun fir Lëtzebuerg spillen, huet sech de Minister iwwerzeegt gewisen.
Den Owend ass am Restaurant „Le Presbytère“ op en Enn gaangen, wou d’Gäscht sech konnten austauschen an iwwer éischt Iddie fir déi nächst fënnef Joer vum eenzege Lëtzebuerger Biosphärereservat nodenke konnten.
![]() |
![]() |
![]() |
![]() |
![]() |
![]() |
![]() |
![]() |











