📌 Poste vacant: Coordinateur général 🚶 MINETT TRAIL - 90 km fir eist Biosphärereservat z'entdecken 🍒 Tutti Frutti - Gratis Uebst aus de Minetter Bongerten
arrow
quote quote

Internationaalt Treffe vum Modellregiounen

Nohalteg Transformatioun am Fokus: Delegatiounsbesuch aus Éisträich an der Slowakei an der Minett UNESCO Biosphere.

Am Kader vum Interreg-Projet „CoDeMoRe“ (Common Development of the Model Regions) war vum 8. bis den 10. Oktober 2025 en internationalen Austosch am eenzege Lëtzebuerger Biosphärereservat. Eng Delegatioun aus den éisträichesche Modellregiounen UNESCO Biosphärenpark Wienerwald an Naturpark Rosalia-Kogelberg, dem slowakesche Geopark Malé Karpaty an der Stad Pezinok huet d’Minett UNESCO Biosphere besicht.

D’Zil vun der Prospektiounsrees war et, vuneneen ze léieren a gemeinsam Strategië fir eng nohalteg Regionalentwécklung an dynamesche Kulturlandschaften auszeschaffen. D’Minett-Regioun, gepräägt duerch hir industriell Vergaangenheet an den aktuelle Strukturwandel hin zu engem Zentrum fir Wëssenschaft, Natur an nohaltegt Liewen, huet de Gäscht dräi Deeg laang Ablécker an d’Transformatiounsprojete vum Lëtzebuerger Süde gebueden.

Mëttwochs: Arrivée vun der Delegatioun

Den éischten Dag vun der Excursioun huet d’Delegatioun direkt an den Zentrum vun der Transformatioun gefouert: op Esch-Belval. No der Arrivée mam Nuetszuch zu Koblenz an der Weiderrees op Lëtzebuerg huet de Programm mat enger Visite guidée duerch dësen nei entstane Quartier ugefaangen. Wou fréier d’Kamäiner vun der Stolindustrie gedämpt hunn, erstreckt sech haut d’Cité des Sciences mam Campus vun der Universitéit Lëtzebuerg. Den Tour, organiséiert vum „Fonds Belval“, huet androcksvoll gewisen, wéi zäitgenëssesch Architektur mam monumentalen industriellen Ierwen harmonéiert.

En Héichpunkt war d’Besichtegung vum Héichuewe B, dem eenzegen zougänglechen Héichuewen zu Lëtzebuerg. Wärend dem Opstig op eng Héicht vu 40 Meter gouf de Prozess vun der Goss- a Stolproduktioun lieweg erkläert. Vun der Gichtplattform aus haten d’Participanten duerno eng spektakulär Panoramavue iwwer deen neie Quartier an d’Landschaft ronderëm – e Symbol fir de Wee, deen d’Regioun vum Industriezäitalter an d’Zukunft zréckleet.

© Minett UNESCO Biosphere

Am spéiden Nomëtteg gouf d’Delegatioun am Naturschutzzentrum Ellergronn, dem offizielle Sëtz vun der Minett Biosphere, feierlech empfaangen. Prominent Vertrieder aus der Politik, dorënner den Tourismusminister Lex Delles, de Christian Weis, Buergermeeschter vun Esch-Uelzecht a President vun der Minett UNESCO Biosphere, souwéi d’Simone Beck, Presidentin vun der Lëtzebuerger UNESCO-Kommissioun, hunn d’Gäscht begréisst.

De Minister Delles huet betount, dass déi national Tourismusstrategie mam Fokus op de Gedenktourismus eng eemoleg Chance bitt, fir d’Traditioune vun der Minett-Regioun touristesch ze valoriséieren. De Christian Weis huet a senger Ried ervirgehuewen, dass den Austausch tëscht Modellregiounen net nëmme Projetsiddien an Initiative fir déi nohalteg Entwécklung vu Regioune fërdert, mee och eng Méiglechkeet duerstellt, den transnationalen an europäesche Gedanken a konkreete Projeten ze verwierklechen. Eng Visite vun der permanenter Ausstellung „Transition Now“ am dem Site vum Ellergronn huet déi éischt Andréck ofgeronnt, ier den Dag bei engem gemeinsamen Owesiessen ausgeklongen ass.

© Minett UNESCO Biosphere

Donneschdes: Tëscht Steng a Biodiversitéit

Den zweeten Dag stoung ganz am Zeeche vun der Lëtzebuerger Biergbaugeschicht an der beandrockender Renaturéierung vun de fréieren Ofbaugebidder. De Moien huet mat enger Rees mat der „Minièresbunn Doihl“ ugefaangen. D’Delegatioun ass vu Lasauvage aus direkt an de Galerie a wieder bis an de Fond-de-Gras gefuer. Dës Visitt huet authentesch Ablécker an déi haart Aarbecht ënner Dag an d’Bedeitung vum Äerzofbau, deen d’Regioun iwwer ee Joerhonnert laang gepräägt huet, gebueden.

Am Fräiliichtmusée Fond-de-Gras ukomm, huet d’Direktesch vum Minett Park, d’Robyn Wehles, duerch den Areal gefouert an d’Geschicht vun der Plaz erkläert, déi fréier e liewegt Zentrum vum Minett-Ofbau war. Hei kruten d’Gäscht aus Éisträich an der Slowakei och d’Konzept vum 90 Kilometer laange Minett Trail a senge „Kabaisercher“ erkläert, mat deem nohaltegen, immersiven Tourismus am eenzege Lëtzebuerger Biosphärereservat promouvéiert gëtt.

© Minett UNESCO Biosphere

No engem Mëttegiesse mat der lokaler Spezialitéit „Gromperekichelcher“ am Restaurant „Bei der Giedel“ huet de Grupp d’Natursäit vum Wandel vun no erlieft. A Begleedung vum lokale Fierschter Christian Berg, ass de Grupp iwwer de geologeschen Entdeckungspad „Giele Botter“ gewandert, deen duerch eng vun de Kärzon vum Biosphärereservat geet. Op dësem Circuit duerch dat fréiert Dagebaugebitt gëtt déi geologesch Vergaangenheet vun der Minett erkläert, déi virun iwwer 150 Millioune Joer hei an engem flaachen, tropesche Mier ofgelagert goufen. Nodeems den Ofbau 1977 agestallt gouf, huet d’Natur sech den Areal schrëttweis zréckeruewert an eng eenzegaarteg Landschaft mat enger beandrockender neier Flora a Fauna geschaf.

Dëse Kontrast huet däitlech gemaach, wéi Widderstandsfäegkeet a geziilt Schutzmoossnamen, wéi reegelméisseg Entbuschung an d’Bekämpfung vun invasive Planzen, eng zerstéiert Industrielandschaft an e wäertvollt Naturschutzgebitt verwandele kënnen.

Freides: Gemeinsam Strategien an d’Zukunft vum Wunnen

De leschten Dag war dem direkten Austausch an der Identifikatioun vun zukünftege Kooperatioune gewidmet. Am Naturschutzzentrum Ellergronn koumen d’Delegatiounen zesummen, fir hir Erfarungen ze deelen an d’Ziler vum CoDe-MoRe-Projet ze verdéiwen. D’Presentatiounen vun der Minett Biosphere an de Visiteuren aus Éistrräich an der Slowakei hunn déi gemeinsam Erausfuerderunge vun de Partnerregioune verdäitlecht, déi all an der Proximitéit vun dynamesche Metropole leien a vum Klimawandel souwéi vum Siidlungsdrock betraff sinn. D’Zil vum Interreg-Projet ass d’Entwécklung vun engem gemeinsame Strategieplang, deen op dem Austausch vu beschte Praktiken an der Schafung vu permanenten Ariichtunge fir d’Ëmweltbildung baséiert.

Uschléissend gouf et e Bléck an d’Zukunft vum Minett mat der Visitt vun der „Metzeschmelz“. Um Terrain vun der fréierer Schmelz Esch-Schëffleng entsteet an den nächste Joren a Joerzéngten e komplett neien, energieneutralen an nohaltege Quartier. Dëse Projet, dee vun der Entwécklungsgesellschaft AGORA realiséiert gëtt, setzt op innovativ Mobilitéitskonzepter, déi den Individualverkéier miniméieren, souwéi op eng zirkulär Ressourcënotzung bei Energie a Waasser.

D’Beate Heigel, déi als Chef-Architektin bei der AGORA täteg ass, huet de 45 Gäscht de Masterplang vum neie Quartier erkläert an ass op déi wichtegst Erausfuerderunge bei der Ëmgestaltung vun dëser iwwer 60 Hektar grousser Industrie-Friche agaangen. Prägend Elementer vum ale Stolwierk gi bewosst erhalen an integréiert, fir eng Bréck tëscht industrieller Vergaangenheet an nohalteger Zukunft ze schloen. Mat dësen visionären Andréck ass de Besuch op en Enn gaangen, an d’Delegatioun huet d’Heemrees op Koblenz ugetrueden, fir vun do mam Nuetszuch op Wien zréckzefueren – am Gepäck eng Hellewull un Inspiratioune fir déi eege regional Entwécklung.

© Minett UNESCO Biosphere