Wärmepompel: Eng ekologesch an accessibel Solutioun Nature & More - Family Day - 18.05.25 - En Dag an der Natur vum Ellergronn
arrow
quote quote

Den Zukunftsbësch

Am Kader vum eisem Ëmweltedukatiounsprogramm MiNELL, dem Minett Natur an Ëmwelt LéierLab, invitéieren d’Minett Biosphere, déi zënter 2020 als Biosphärereservat vun der UNESCO unerkannt ass, an den Naturschutzzentrum Ellergronn op eng Aktivitéit ronderëm d’Zukunft vun eise Bëscher.

Eis Ëmwelt verännert sech. Ëmmer méi dacks kënnt et zu extreeme Wiederlagen, d‘Temperaturen klammen an et bleift iwwer laang Perioden dréchen. Dat belaascht eis Biodiversitéit an speziell eis Bëscher staark. Traditionnell Bamzorten aus de Minetter Bëscher hu mat de neie Wiederkonditiounen ze kämpfen.

Bei eiser Aktivitéit „Den Zukunftsbësch“, den 3. Mee 2025 um 10:00 am Ellergronn, gi Moossnamen zum Schutz an fir d‘Erhale vun de Bëscher, esou wéi zukunftsfäeg Bamzorten, thematiséiert. Op enger zwou Stonne laanger Wanderung an de Bëscher vum Ellergronn gitt Dir méi iwwer Bamzorten gewuer, déi riskéieren ze verschwannen an iwwer Bamzorten, mat deenen den Ökosystem Bësch an Zukunft erhale ka ginn.

Hei kënnt Dir Iech nach gratis umellen.