Minett Mash-Up: De Podcast iwwert eis Regioun TUTTI FRUTTI
arrow
quote quote

Prospektiounsrees an d‘Lorraine

Lokal Produzenten aus der Minett UNESCO Biosphere an den ugrenzende Gemeng aus der „Centure verte interurbaine“, déi direkt nërdlech vum eenzege Lëtzebuerger Biosphärereservat läit, waren op Invitatioun vum Gemengesyndikat PRO-SUD de Freideg, 9. Dezember, bei enger Prospektiounsrees an d’Lorraine dobäi.

Zil vun dësem Ausfluch war et, de lokale Landwirt a Liewensmëttelproduzenten de Fonctionnement vun dräi Produzentebutteker, déi et an der Groussregioun scho gëtt, méi no ze bréngen. D’Produzenten aus dem Süde vu Lëtzebuerg denken nämlech iwwert d’Ouverture vun engem Buttek an dësem Genre um Territoire vun der Minett UNESCO Biosphere no. De Gemengesyndikat PRO-SUD an d’Gemeng Käerjeng ënnerstëtzen déi lokal Produzent aktiv bei der Realisatioun vun dëser Iddi.

Éischt Statioun zu Longeville-lès-Saint-Avold

Nom Depart zu Féiz ass et, fir en éischten Halt, op Longeville-lès-Saint-Avold am franséischen Departement Moselle gaangen. Hei krut déi Lëtzebuerger Delegatioun de Produzentebuttek “Champ’être” gewisen, deen am Dezember 2018 seng Dieren opgemaach huet.

Den Zesummeschloss vun aacht Partner erméiglecht et knapp 80 Produzenten aus dem ganzen Departement hir Produiten an engem eenzege Buttek ze verkafen an esou eng Clientèle z’erreechen, déi u lokale Produiten interesséiert sinn, z’erreechen.

Eng gutt Stonn kruten d’Produzenten, déi matgefuer waren, d’Konzept, d’Mise en Place an deen deegleche Betrib vum Produzentegeschäft erkläert. Si kruten Äntwerten op hir Froen an uschléissend de Buttek, d’Metzlerei an de Stock vum Buttek gewisen.

 

Zweete Stopp Ay-sur-Moselle

Am 1500 Awunner groussen Duerf Ay-sur-Moselle stoung den zweete Stopp vum Dag um Programm vun der Produzentendelegatioun. D‘Geschäft “L’Ayotte” kann ewell op 8 Joer Erfarung zeréckkucken. Erfarungen, déi, vun de Responsabele vum eelste Produzentebuttek aus der Moselle, gäre mat hire Lëtzebuerger Kolleege gedeelt goufen.

 

Lescht Statioun vun der Dagesrees: Basse-Ham

Vun Ay-sur-Moselle goung et fir d’Delegatioun vu Produzenten aus der Minett UNESCO Biosphere an den Nopeschgemengen dunn zeréck a Richtung Lëtzebuerg. Um Wee Heem stoung awer eng déi lescht Visitt vun engem Produzentebuttek um Programm. Déi drëtt Statioun vum Dag war de Buttek “Komm à la ferme” zu Basse-Ham bei Diddenuewen.

Am Contraire zu den zwou éischte Strukturen, déi am Ufank vum Dag besicht gi waren, ass “Komm à la ferme” e Familljebetrib, deen nieft sengem Buttek direkt um Bauerenhaff nach e Geschäft an enger Aktivitéitszon opgemaach huet. Dëst Geschäft ass entstanen, nodeems e Projet vun engem Drive-In-Buttek, dee vun de Bauerefamill mat anere Partner am Joer 2014 lancéiert gi war, et ekonomesch net gepackt hat.

3 Geschäfter – 3 verschidde Konzepter

De But vun der Prospektioun an der loutrengescher Grenzregioun war et, de Produzente Weeër ze weisen, wéi een e Buttek mat lokale Produiten um Territoire vun der Minett UNESCO Biosphere mat Succès opstellen a bedreiwe kéint.

De Support vun eise lokale Produzente wäert 2023 ee vun de Schwéierpunkten an der Aarbecht vum Gemengesyndikat PRO-SUD an der Gerance vun der Minett UNESCO Biosphere bleiwen. Eng Aarbecht en Vue dovunner, de Stellewäert vun der Liewensmëttelproduktioun am Süde vu Lëtzebuerg ze verbesseren.