Minett Mash-Up: Der Podcast über unsere Region TUTTI FRUTTI
arrow
quote quote

SAMSCHDEG, 26.02.2022: REMIX-OPENING!

3, 2, 1, … GO!

Sidd dir bereet, bei der aussergewéinlecher Ouverture vun Esch2022, europäesch Kulturhaaptstad, dobäi ze sinn?

© Esch2022

Déi europäesch Kulturhaaptstad wäert déi 11 Gemenge vum Syndikat PRO-SUD, déi och zesummen d’Minett UNESCO Biosphere forméieren, an déi 8 Gemenge vun der Communauté de Communes Pays Haut Val d’Alzette zesummebréngen.

Preparéiert elo schonn dësen onvergiesslechen Owend mat den Organisateure vun Esch2022 an drot ären Deel dozou bäi, datt de REMIX Opening e Succès gëtt!

D’Ouverture vun enger europäescher Kulturhaaptstad ass, u sech schonn, en eenzegaartegt Erliefnis. Mä de REMIX Opening vun Esch2022 ass och en aussergewéinlecht participatiivt Erliefnis, bei deem op är Presenz ukënnt.

Well dës Kéier sidd dir et, Awunner a Visiteuren, egal ob jonk oder al, aus dem Gebitt vun Esch2022, der Groussregioun, aus Europa an der ganzer Welt, déi e Samschdeg, de 26.02.2022, vum spéiden Owend bis 23:00 Auer d’Soen hutt. De REMIX Opening wäert op e puer urbane Plaze sinn. Op verschiddene Sitten, op Bünen an op all Stroosseneck wäert dir Live-Musek, DJen, Danz, Videomapping, Liichtinstallatiounen an eng Abberzuel vu spektakulären an ongewéinlechen Animatiounen erliewen.

E geckegt an innovatiivt Abenteuer fir all déi, déi bei der Ouverture dobäi sinn.

Gitt elo Deel vun Esch2022! 

Déi zwou Haaptplazen, den Zentrum vun Esch an Esch-Belval wäerten duerch interaktiv Animatioune matenee verbonne sinn, iwwert d’Uelzechtstrooss an eng digital Retransmissioun, déi zu all Ablack iwwert de Site esch2022.lu accessibel ass. Dir sidd de roude Fuedem!

Reservéiert är Plazen fir Esch-Zentrum oder Esch-Belval elo schonn op esch2022.lu!