Podcast TUTTI FRUTTI
arrow
quote quote

Klima-Biergerrot

Photo by Markus Spiske from Pexels

A senger leschter Ried zur Lag vun der Natioun, den 12. Oktober 2021, hat de Premierminister Xavier Bettel d’Kreatioun vun engem Klima-Biergerrot annoncéiert. 100 Biergerinnen a Bierger sollen hei iwwer spezifesch Klimaprobleemer diskutéierten, Léisungen a Proposen ausschaffen an ugi wéi, hirer Meenung no, den nationalen Energie- a Klimaplang kéint ofgeännert ginn.

Vun elo u kann ee sech melle fir selwer en Deel vun dësem Biergerrot ze ginn. An der Period tëscht Enn Januar a Juli wäerten déi 100 Membere vun dësem Gremium sech dann am ganzen 18 mol gesinn, fir iwwert déi uewe genannten Ziler ze debattéieren.

Jiddereen iwwer 16 Joer, deen am Grand-Duché oder am noe Grenzgebitt doheem ass, kann Deel vum Klima-Biergerrot fir de Klima ginn.

Umelle kann ee sech hei!