
Education & conferences
Ekologesch Architektur, eise Patrimoine vu muer
Les rendez-vous de l'UNESCO à la LUGA
Date(s)
Déi Lëtzebuergesch UNESCO-Kommissioun ass frou um groussen Naturfest vun der LUGA deelzehuelen.
Dëse Summer stellt si am Kader vun hirem Konferenzzyklus „Les Rendez-vous de l’UNESCO“ d'Programmer vir, déi vun der UNESCO initiéiert goufen an déi eis hëllefe solle Fridde mat der Natur ze schléissen.
Intervenante: Lisi Teisen (Teisen-Giesler architectes)
Intervenant: Dave Lefèvre (Coeba architectes)
Intervenant: Marc Neu (President LëtzEcoBuild)
Dës Konferenz invitéiert op en État des lieux vun ekologescher Architektur zu Lëtzebuerg an an der Groussregioun.
Wat sinn eis lokal ekologesch Materialien an Akteuren? Wat fir Referenzprojete an Initiative ginn et schonns hei? Wéi kann een dekologescht Netzwierk am Bau tëschent Handwierker, Planer an Bauhäre stäerken?
Wat fir eng Roll spillt Formatioun, politesch Wäertschätzung an Innovatioun fir eist Land mat bei der Promotioun vun ekologescher Architektur?
Contact information for this event
Internet: https://luga.lu/fr/
Organizer
Commission luxembourgeoise pour l'UNESCO