Hannergrënn zum Weltdag vun de Fiichtgebitter
Wat ass de Weltdag vun de Fiichtgebitter?
De Weltdag vun de Fiichtgebitter ass all Joer um 2. Februar a soll op d’Fiichtgebitter opmierksam maachen. Mat dësem Dag gëtt den internationalen Accord iwwert d’Fiichtgebitter gefeiert, deen den 2.2.1971 ënnerschriwwe gouf.
Firwat e Weltdag vun de Fiichtgebitter?
Nobäi 90% vun alle Fiichtgebitter op der Welt sinn zënter dem Joer 1700 zerstéiert ginn an de Verloscht u Fiichtgebitter ass dräimol esou héich wéi de Verloscht u Bëscher. Dobäi sinn dës Zonen, extreem wichteg Ökosystemer, déi zum Erhalt vun der Biodiversitéit, dem Stabiliséiere vum Klima, der Disponibilitéit vu Séisswaasser, der Weltwirtschaft a villem méi bäidroen.
Et ass wierklech noutwenneg, e nationaalt a globaalt Bewosstsinn ze schafen, fir hirem séiere Verloscht entgéintzewierken a Mesure fir hiren Erhalt oder hir Rekonstitutioun z’ënnerstëtzen. De Weltdag vun de Fiichtgebitter ass den idealen Zäitpunkt, fir eise Versteesdemech vun dësen extreem wichtegen Ökosystemer ze verbesseren.
En internationalen Dag vun de Vereenten Natiounen
De Weltdag vun de Fiichtgebitter ass an dësem Joer besonnesch wichteg, well d’UN-Generalversammlung den 30. August 2021 eng Resolutioun ugeholl huet, déi den 2. Februar zum Weltdag vun de Fiichtgebitter mécht an all 193 UNO-Memberstaaten opfuerdert, dësen Dag ze begoen, fir esou méi Opmierksam op d’Fiichtgebitter ze dirigéieren.
Wie steet dohannert?
D’Sensibiliséierungscampagne gëtt vum Sekretariat vum Accord iwwert d’Fiichtgebitter organiséiert. D’Ënnerzeechner vun dësem Accord commemoréieren de Weltdag vun de Fiichtgebitter dann och schonn zënter genee 25 Joer. En ass 1997 agefouert ginn.
Dréngende Bedarf u Mesuren
- Fiichtgebitter verschwannen dräimol méi séier ewéi Bëscher a sinn den Ökosystem vun der Äerd, deen am stäerkste menacéiert ass. An nëmme 50 Joer – zënter 1970 – si 35% vun de weltwäite Fiichtgebitter verluer gaangen.
- Zu de mënschlechen Aktivitéiten, déi zum Verloscht vu Fiichtgebitter féieren, gehéieren d’Entwässerung an d’Opschëdde vu Buedem fir Landwirtschaft a Konstruktioun, Verschmotzung, Iwwerfëschung an Iwwerbenotzung vun de Ressourcen, esou wéi invasiv Aarten an de Klimachangement.
- An de leschte 5 Joerzéngte sinn 81% vun de Fiichtgebittszorte bannent de Landflächen a 36 % vun de verschiddene Fiichtgebitter laanscht d’Côte an an de Mierer zeréckgaangen.
- Dräivéierel vun de Séisswaasser-Fiichtgebitter u Land a 25% vun alle Fiichtgebitter sinn haut menacéiert, mat hinnen och Waasservullen, Mamendéieren, déi op Séisswaasser ugewise sinn, Mieresdeckelsmouken an Déieren, déi Koralleriffer forméieren.
- Vill menacéiert Plazen, Amphibien, Reptilien, Villercher a Mamendéiere liewen a Fiichtgebitter. Méi ewéi een Drëttel vun de menacéierten Zorten an den USA liewen ausschliisslech a Fiichtgebitter – a bal d’Hallschent notzt Fiichtgebitter zu engem Zäitpunkt vun hirem Liewen.
Fiichtgebitter a Klimachangement
Klimaschutz a Contributioun fir d‘Netto-Null-Kuelestoffemissioun z‘erreechen
- Torfgebitter, Mangroven a Séigrieser si Liewensraum, déi op eng effikass natierlech Manéier CO2 banne kënnen.
- Torfmouer bedecken 3 % vun eisem Planéit, späicheren awer ronn 30% vun all deem Kuelestoff, deen u Land gebonne gëtt
- Fiichtgebitter laanscht d’Côte bannen a späichere CO2 bis zu 55% méi séier ewéi tropesch Reebëscher
- Et schätzt een, datt d’Emissiounen un Zäregasen aus entwässerte Moueren an aus Mouerbränn fir ongeféier 4% vun de weltwäiten anthropogenen Zäregasemissiounen.
Klimaadaptatioun a Reduktioun vum Katastroferisiko
- Fiichtgebitter droen dozou bäi, Stied a Siidlunge laanscht d’Côte virun Iwwerschwemmungen, Hurrikanen a Tsunamien ze schützen
- Fiichtgebitter laanscht d’Küsten, so wéi Salzwisen, Mangroven, Séigraasswisen a Koralleriffer funktionéieren ewéi e Puffer a schützen d’Gemenge laanscht d’Küste bei extreeme Wiederevenementer
- 60% vun der Mënschheet liewen a schaffen un de Küsten a Fiichtgebitter schütze se virun Iwwerschwemmungen, Schied an dem Verloscht vu Mënscheliewen.
- Koralleriffer bidden all Joer Schutz am Wäert vu bis zu 34000 US-Dollar pro Hektar
- Fiichtgebitter am Land, esou wéi Iwwerschwemmungsgebitter, Flëss, Séien a Suppen, huelen iwwerschësseg Nidderschléi op a späicheren dës, wat zu manner Iwwerschwemmunge féiert. All Hektar Fiichtgebitt u Land ka bis zu 1,5 Millioune Liter Héichwaasser ophuelen.
- Fiichtgebitter späicheren och Waasser a ginn et no an no nees of, wat eng Dréchent no hanne réckele kann.
Fiichtgebitter a biologesch Diversitéit
- Fiichtgebitter bidde vill Närstoffer, déi vu Baachen a Flëss an deem Waasser, wat soss nach a se fléisst opgeholl ginn. Dës Kombinatioun aus Närstoffer, Sonneliicht a Waasser setzt d’Nahrungsketten a Gang.
- Ongeféier 40% vun allen Déierenzorte vum Planéiert liewen oder bréien a Fiichtgebitter
- Iwwer 100000 Séisswaasser-Liewewiese konnte bis ewell a Fiichtgebitter nogewise ginn.
- Ongeféier 30 % vun all de bekannte Fëschzorte liewen a Fiichtgebitter, an all Joer kommen eng 200 nei Séisswaasserzorten dobäi, déi nei entdeckt ginn.
Fiichtgebitter a Séisswaasser
- Fiichtgebitter liwweren de gréissten Deel vun eisem Séisswaasser.
- Nëmmen 2,5% vum Waasser op der Äerd ass Séisswaasser, wat zum groussen Deel a Gletscher, Schnéifelder oder ënnerierdesche Grondwaasserschichte gespäichert ass. Manner ewéi 1% ka benotzt ginn an 0,3% dovunner fënnt een a Fiichtgebitter ewéi Flëss oder Séien.
- Fiichtgebitter gi gären als „d’Niere vun der Äerd“ bezeechent, well se ewéi natierlech Filtere funktionéieren, déi Pestiziden a Chemikalien absorbéieren a schiedlech Offäll aus dem Waasser eliminéieren
- De Bulli esou wéi déi grouss Unzuel u Planzen an de Fiichtgebitter wierken als Filter géint schiedlech Gëfter, Pestiziden aus der Landwirtschaft an industriell Offäll a verbesseren esou op eng natierlech Manéier d’Qualitéit vum Waasser.
Fiichtgebitter, nohalteg Entwécklung a Bien-être
- Fiichtgebitter erbréngen all Joer Ökosystemleeschtungen am Wäert vu 47 Billiounen US-Dollar
- Fiichtgebitter garantéieren enger Milliard Mënschen eng Liewensgrondlag – vun der Fëscherei, iwwer Aquakultur an Tourismus bis bei wäertvoll Matièren, déi gesammelt a viru verschafft kënne ginn an dacks deenen Äermsten zerguttst kommen
- Fiichtgebitter droen dozou bäi d’Mënschheet z’ernieren. Si liwweren e Groussdeel vum Fësch, dee mir iessen, Räis fir 3,5 Milliarde Leit, Waasser fir d’Produktioun vu Liewensmëttel a Rohstoffer fir Medikamenter, mat deene Liewe kënne gerett ginn.
- Fiichtgebitter droen dozou bäi, datt Mënsche sech wuelfille kënnen, andeems se natierlech Schéinheet an d’Méiglechkeet bidden sech z’erhuelen, kulturellt Engagement erméiglechen an déi physesch Gesondheet, duerch d’Interaktioun mat der Natur, ënnerstëtzen.
- Fiichtgebitter maachen direkt oder indirekt 75 vun den 232 Indicateure vun den Ziler fir eng nohalteg Entwécklung aus
- D’Erhalen oder d’Reimplantioun vu Mangroven eleng, kéint wéinst hirer CO2-Kapazitéit, weltwäit e Rendement vun 3,7 Milliarden US-Dollar abréngen.