Wärmepumpe: eine umweltfreundliche Lösung, die für jeden zugänglich ist Nature & More - Family Day - 18.05.25 - En Dag an der Natur vum Ellergronn
arrow
quote quote

International Day of Women and Girls in Science 2022

Den 22. Dezember 2015 huet d’Generalversammlung vun de Vereenten Natiounen eng Resolutioun ugeholl mat där decidéiert ginn ass, all Joer um 11. Februar den internationalen Dag vun de Fraen a Meedercher an der Wëssenschaft ze feieren.

Dës Initiativ gëtt vun der UNESCO an UN Women an Zesummenaarbecht mat enger Rei vun Institutiounen a Partner aus Zivilgesellschaft, déi sech fir d’Promotioun an d’Ënnerstëtzung vu Fraen a Meedercher asetzen, ëmgesat.

D’Gläichstellung vun de Geschlechter ass eng global Prioritéit fir d’UNESCO an d’Bedeelegung vu Meedercher, hir Ausbildung, esou wéi hinnen eng Méiglechkeet ze ginn, datt hir Iddie gelauschtert ginn, sinn en Hiewel fir Entwécklung a Fridden.

Déi grouss Erausfuerderunge vun der Agenda fir nohalteg Entwécklung bis 2030, sief et Gesondheet oder de Klimachangement, maachen et néideg esou vill ewéi méiglech Talenter z’ënnerstëtzen. Duerfir mussen och méi Fraen an der Wëssenschaft schaffen. Diversitéit an der Fuerschung mécht de Pool un talentéierte Fuerscher méi grouss a bréngt esou nei Perspektiven, Talenter a Kreativitéit mat sech.

Den internationalen Dag vu Fraen a Meedercher an der Wëssenschaft, deen all Joer um 11. Februar zelebréiert gëtt, gouf vun der Generalversammlung vun de Vereenten Natiounen adoptéiert, fir esou den Accès vu Fraen a Meedercher zur Wëssenschaft an hir komplett a gläichberechtegt Participatioun un dëser z’ënnerstëtzen. Op dësem Dag gëtt drun erënnert, datt Fraen a Meedercher eng substantiell Roll an der wëssenschaftlecher an technologescher Gemeinschaft spillen an datt hir Bedeelegung gestäerkt muss ginn. D’Feierlechkeeten, am Kader vun deem Dag, gi vun der UNESCO an UN Women an Zesummenaarbecht mat Institutiounen a Partner aus der Zivilgesellschaft, déi den Accès vu Fraen a Meedercher an d’Wëssenschaft an hir Participatioun dorunner ënnerstëtzen, organiséiert.

Zwee grouss Evenementer haut

D’Haaptevenement ass dëst Joer op der Expo 2020 zu Dubai.

Dës Manifestatioun, déi vun der UNESCO, der UNOOSA an dem Ministère fir Industrie an Héichtechnologie vun den Vereenten Arabeschen Emiraten organiséiert gëtt, soll d’Aarbecht an d’Leeschtunge vu Wëssenschaftlerinnen éieren, déi dozou bäidroen déi wëssenschaftlech Evolutioun virun ze bréngen an déi e Virbild fir déi nächst Generatioun vu jonke Frae sinn, déi eng wëssenschaftlech Karriär aschloe kënnen.

De Schwéierpunkt läit hei op de Beräicher vun der Weltraumwëssenschaft, dem Klimachangement, der Energie an der Informatik, déi sech séier entwéckelen. Dës Disziplinne spillen net just eng wichteg Roll fir eis gemeinsam Zukunft, mä si sinn och essentiell fir déi aktuell digital Revolutioun a wäerten an Zukunft fir Croissance, d’Optiméiere vun eise Ressourcen, Innovatiounen an Entdeckunge suergen. Esou wäerten se aktiv eng Roll bei der Gläichberechtegung tëscht de Geschlechter féieren an d’Inclusioun ënnerstëtzen.

Eng weider Manifestatioun haut ass d’Reunioun fir de 7. Internationalen Dag vun de Fraen a Meedercher an der Wëssenschaft, déi a virtueller Form an der UN-Zentral zu New York organiséiert gëtt. Hei soll d’Roll vu Fraen a Meedercher an der Wëssenschaft als Actricë vum Changement unerkannt ginn.

Dës virtuell Konferenz gëtt vun der Royal Academy of Science International Trust (RASIT) an de permanente Vertriedunge vun Zypern, Kenia, dem Libanon, Malta, Marokko, de Philippinnen, Polen, Portugal, dem Katar, Ruanda, der Slowakei, Slowenien, Spuenien an Tadschikistan bei de Vereenten Natiounen organiséiert.