ℹ️ Wärmepumpe - eine umweltfreundliche Lösung, die für jeden zugänglich ist 🚶 MINETT TRAIL - 90 km Wanderweg durch unser Biosphärenreservat 🍒 Tutti Frutti - Gratis Obst aus Minetter Obstgärten
arrow
quote quote

Geoheritage Minett

De südwestlichen Deel vu Lëtzebuerg ass ënnert dem Numm Minett bekannt an ass aus geologescher Siicht e ganz interessant Gebitt. Duerch seng Lag um nordëstleche Bord um Paräiser Baseng, weist d’Regioun eng grouss Unzuel Sedimentsteng aus dem Jura op, déi entweder an marinem Ëmfeld oder an der Proximitéit vu Küste forméiert goufen.

Bekannt ass déi ikonesch Minett-Eisestengformatioun als dat gréisst oolithescht Virkomme vun Eisegesténgs vun de leschte 500 Millioune Joren an déi al Dagebaugebitter am Minett sinn haut net just Biodiversitéits-Hot-Spotten, mä stinn och ënnert strengem Schutz a sinn Deel vun der Minett UNESCO Biosphere. Dës ass déi eenzeg Lëtzebuerger Regioun, déi Member am weltwäiten UNESCO-Programm „Man and the Biosphere“ ass. De Minett huet eng grouss geologesch Villfalt opweises.

(a) geosite 3, ravine Galgenbierg-Scheer nearby Dudelange, exposing the ‘Grès à Dumortieria’; photo by R. Weis/MNHNL, March 2020; (b) geosite 4, Couche grise and Couche jaune cycles of the Minette ironstone formation at locality ‘Italie’ nearby Dudelange; photo by R. Weis/MNHNL, March 2020; (c) geosite 5, ironstone cliff at the Hesselsbierg hilltop, nearby Tétange; photo by R. Weis/MNHNL, March 2020; (d) geosite 6, overview of a rock sequence comprising the upper part of the Minette formation and the overlying marls and limestones of the Bajocian, former open cast mine Hutbierg nearby Rumelange; photo by R. Weis/MNHNL, April 2017; (e) geosite 7, palaeontological excavation in the ‘Conglomérat à Sonnina’ Konzentrat-Lagerstätte (early Bajocian) at Giele Botter, nearby Differdange in 2013; photo by R. Weis/MNHNL; (f) geosite 8, entrance of the National Mining Museum and the underground mine ‘Walert’, in Rumelange; photo by Musée national des Mines de fer Rumelange; (g), Geosite 9, Cross-stratifications in situ, a detail of the sandwave complex building up the Minette sedimentological cycles at former open cast mine ‘Lalléngerbierg’ nearby Esch-sur-Alzette; photo by R. Weis/MNHNL, 2017

D’Uelegschiferschicht, e lateraalen Äquivalent vum bekannte Posidonienschiefer aus der süddäitscher Regioun Holzmaden, gëtt dacks wéinst hiren exceptionnel gutt erhalenen Fossilien vu Miereswirbeldéieren, Mollusken an Insekten ënnersicht an ass als Fossilien-Lagerstätte internationale renomméiert.

Vu regionaler Bedeitung ass de Rëmeleng Kalleksteen mat senger Paläoëmgéigend aus Koralleriffer. D’Haaptcharakteristik vun der Regioun ass awer den Dogger-Plateau mat sengen Ausleefer, de sougenannten Zeiebierger, vun deenen den Zolwerknapp wuel de bekanntesten ass.

An der neier fräi zougänglecher Publikatioun vum Robert Weis, Wëssenschaftler an der paläontologescher Sektioun vum ‚naturmusée‘, deen och wëssenschaftlechen Expär vun der Minett UNESCO Biosphere ass, gi 16 verschidde Geo-Sitten, déi geologesch, paläontologesch, geomorphologesch an hydrogeologescht Respresentativ fir d’Ierwe an der Minett UNESCO Biosphere sinn, presentéiert an no wëssenschaftlechen, pedagogeschen a geotouristesche Kritäre bewäert.

Dem Robert Weis seng Publikatioun kënnt dir hei liesen an esou méi iwwert de geologesche Räichtum an d’Eenzegaartegkeet vun eiser Regioun gewuer ginn.

(a) geosite 10, explanatory panel about local geology at the nature trail in the ‘Crosnières’ valley nearby Lasauvage; photo by R. Weis/MNHNL, March 2020; (b) geosite 11, excavations by collaborators of the Luxembourg National Museum of Natural History at the ‘Rollesbierg-Kiemerchen’ fossil site, nearby Differdange, in 1984; photo by A. Faber/MNHNL; (c) geosite 12, the Zolverknapp, Loetschet, Pakebierg and Galgebierg hilltops seen from Obercorn; photo by K. Totaro, February 2021; (d) geosite 13, view of the active quarry ‘op der hënneschter Heed’ nearby Rumelange, showing the ‘Calcaire de Rumelange’ unit; photo by R. Felten/MNHNL; (e) geosite 14, view of the abandoned and partially overgrown quarry site ‘Waisskaul’ nearby Rumelange, showing the Bajocian coral reef facies; photo by R. Weis/MNHNL, March 2020; (f) geosite 15, travertine rock ‘Pierre de Cron’, nowadays a place of whorship; photo by R. Weis/MNHNL, March 2020; (g) geosite 16, former site of the Bel-Val well near the locality of Belvaux, currently an abandoned industrial wasteland; photo by R. Weis/MNHNL, March 2020