A PROPOS DE NOUS

image

Regional Entwécklung

PRO-SUD

PRO-SUD ass de regionale Gemengesyndikat

fir d’Promotioun an d’Entwécklung vun der Südregioun.

Déi 11 Gemengen, déi Member vum Syndicat PRO-SUD sinn, forméieren zesummen d’Biosphärereservat.

DEN OBJEKTIV VUM SYNDIKAT

Zil vu PRO-SUD ass et, seng 11 Gemengen, déi Member sinn, zesummen ze bréngen, fir gemeinsam Projeten z’entwéckelen.

De Schwéierpunkt läit dobäi op der nohalteger Entwécklung an der Promotioun vun der Identitéit vun der Südregioun.

Et geet drëms déi regional Approche ze konkretiséieren, andeems innovativ Projeten initiéiert a begleet ginn, déi vu regionalem, nationalem a grenziwwerschreidendem Interessi sinn.

Dowéinst schafft de PRO-SUD mat senge Partner net just um Ëmsetze vun territoriale Strategien am interkommunalen Interessi, mä och um Verständnis vun dëse Strategien, fir esou d’Liewensqualitéit vun den Awunner am Süde vu Lëtzebuerg ze verbesseren.

stork

D'PRO-SUD-Ekipp

photo
Gaëlle TAVERNIER

Manager générale

Tél.: 26 17 97 – 771

photo
Isabelle RENOIR

Chargée de projets

Tél.: 26 17 97 – 772

photo
Yann LOGELIN

Chargé de communication

Tél.: 26 17 97 - 773

photo
Lydia PALLUCCA

Sekretärin

Tél.: 26 17 97 – 774

photo
Lucie MAJERUS

Coordinatrice Ëmweltedukatioun

Tél.: 26 17 97 - 775

photo
Daniel CODELLO

Syndikats-Sekretär

Tél.: 26 17 97 - 1

photo
Joé BARTHEL

Receveur

Tél.: 26 17 97 - 1

De Büro & de Kommitee vum PRO-SUD

De PRO-SUD

gëtt vun engem Kommitee administréiert an deem all Gemeng, déi Member ass,

duerch e Vertrieder aus hirem Gemengerot representéiert ass.

Den aktuelle Büro an den aktuelle Kommitee:

DEN AKTUELLE BÜRO

member photo
Esch-Uelzecht

Christian Weis

President

member photo
Déifferdeng

Erny Muller

Vizepresident

member photo
Monnerech

Anouk Boever-Thill

Member

member photo
Péiteng

Guy Brecht

Member

DEN AKTUELLE KOMMITEE

member photo
Beetebuerg

Jean Marie Jans

Member

member photo
Déifferdeng

Erny Muller

Vizepresident

member photo
Diddeleng

Dan Biancalana

Member

member photo
Esch-Uelzecht

Christian Weis

President

member photo
Käerjeng

Yves Cruchten

Member

member photo
Käl-Téiteng

Jean Weiler

Member

member photo
Monnerech

Anouk Boever-Thill

Member vum Büro

member photo
Péiteng

Guy Brecht

Member vum Büro

member photo
Rëmeleng

Henri Haine

Member

member photo
Suessem

Simone Asselborn-Bintz

Member

member photo
Schëffleng

Paul Weimerskirch

Member

DE BÜRO AM OKTOBER 2023

member photo
Esch-Uelzecht

Georges Mischo

President

member photo
Déifferdeng

Erny Muller

Vize-President

member photo
Monnerech

Anouk Boever-Thill

Member

member photo
Péiteng

Guy Brecht

Member

DE BÜRO AM JULI 2022

member photo
Esch/Uelzecht

Georges Mischo

President

member photo
Käl

Romain Becker

Vize-President

member photo
Diddeleng

Dan Biancalana

Member vum Büro

member photo
Déifferdeng

Fränz Schwachtgen

Member vum Büro

DE BÜRO AM DEZEMBER 2019

member photo
Monnerech

Anouk Boever-Thill

Presidentin

member photo
Esch/Uelzecht

Georges Mischo

Vize-President

member photo
Diddeleng

Dan Biancalana

Member vum Büro

member photo
Déifferdeng

Fränz Schwachtgen

Member vum Büro

DE BÜRO AM OKTOBER 2018

member photo
Déifferdeng

Roberto Traversini

President

member photo
Esch/Uelzecht

Georges Mischo

Vize-President

member photo
Diddeleng

Dan Biancalana

Member vum Büro

member photo
Monnerech

Anouk Boever-Thill

Member vum Büro

DE PLAN DIRECTEUR FIR DE SÜDEN

image

D’Kreatioun vum PRO-SUD

No der Stolkris an dem Verschwanne vun traditionelle Unhaltspunkte besteet de Besoin d’Ekonomie vum Süden nei auszeriichten. Zënter den 1980er Jore gëtt iwwert eng Revalorisatioun vun der Geschicht an der Erënnerung un d’Stolindustrie vun de Gemengen, nationalen Administratiounen an der Veräinswelt nogeduecht. 1989 entsteet esou d‘“Fondation Bassin Minier“, fir wëssenschaftlech, kulturell a sozial Aktivitéiten, déi dem Minett ze Gutts kommen ze initiéieren an ze begleeden.

Et ass allerdéngs eng global Approche néideg, fir déi ekonomesch, sozial an ekologesch Liewensbedingungen an der Südregioun ze verbesseren. D’Wichtegkeet eng „gemeinsam Visioun“ ze schafen, gëtt vun den ëffentlechen Acteuren erkannt. D’Fro, wat mat de Frichen, déi vun der Stolindustrie iwwereg bliwwe sinn, geschéie soll war a muncher Hisiicht den Ausléiser fir en Debat iwwert d’Zukunft vun der Südregioun. Parallel dozou existéieren awer nach aner Avantagen, déi fir d’Erstelle vun engem gemeinsamen Entwécklungsplang fir de Süde schwätzen. Déi interkommunal Zesummenaarbecht an eng grenziwwerschreidend Dimensioun fänken un lokal Acteuren z’interesséieren, déi sech Suergen ëm d‘“Liewensqualitéit vun den Awunner“ maachen. Op nationalem Plang besteet de Wëllen a punkto Landesplanung op de Wee vun enger regionaler Approche ze goen.

Divers Instrumenter fir eng regional Entwécklung gi geschaf:

Mee 1999: D’Landesplanungsgesetz vum 31. Mee 1999 encouragéiert Gemenge fir interkommunal Syndikater ze grënnen, déi eng harmonesch an nohalteg Entwécklung vun de festgeluechte Regiounen erméigleche sollen. D‘Entwécklung vum Süde gëtt vum Staat kloer prioriséiert.

Juli 1999: De Landesplanungsministère bedeelegt sech aktiv un der Kreatioun vun engem „regionalen Observatoire fir de Süden“. D’Gemengen aus der Regioun an de Ministère ënnerschreiwen eng Konventioun, duerch déi den „ORESUD“ gegrënnt gëtt, dee se gemeinsam finanzéieren. Dësen techneschen Outil am Déngscht vun de Gemenge soll d‘Ëmsetzung a Kontroll vun der regionaler Politik vun der Regierung am Beräich Statistik a Kartographie erméiglechen. Et ass e fräiwëllege Schrëtt am Beräich vun der Zesummenaarbecht tëscht de Gemengen.

2000: De Lëtzebuerger Staat an de Stolproduzent Arbed grënnen d’Entwécklungsgesellschaft Agora. Hir Aufgab ass et, déi fréier Stolsitten am Süde vu Lëtzebuerg, virop de Belval, nei ze beliewen. Et geet hei ëm d’Plangen an d’Baue vun engem modernen, dynamesche Quartier op engem Deel vum fréiere Site vun der Arbed Belval mat engem Modal Split vu 40/60 tëscht ëffentlechen Transport an Auto.

2002: De Fonds Belval gëtt gegrënnt. Als Etablissement public ass de Fonds Belval responsabel fir d’Realiséierung vun der « Cité des Sciences, de la Recherche et de l’Innovation » um Belval. De politesche Wëlle war eng Viraussetzung, fir aus dësem ale Stolsite, wou sech fir d’éischt d’Finanzindustrie mat der Dexia-BIL implantéiert huet, zum Standuert vun der Lëtzebuerger Universitéit ze maachen.

Mee 2003: E Joer drop schléisse sech d’Gemengen aus dem Lëtzebuerger Süden an engem Gemengesyndikat zesummen. D’Statute vum PRO-SUD ginn den 19. Mee 2003 ugeholl.

butterfly