Eis Biosphär

image

Eis Biosphär

«D'Minett UNESCO Biosphere»

setzt sech a fir den Erhalt vun der Biodiversitéit an déi nohalteg Entwécklung duerch Biergerbedeelegung, Bildung a Fuerschung.

map
  • Naturschutz: Mir hëllefen dobäi Landschaften, Ökosystemer, Aarten a genetesch Diversitéit z’erhalen.
  • Entwécklung: Mir ënnerstëtzen eng soziokulturell an ökologesch nohalteg ekonomesch a mënschlech Entwécklung.
  • Logisteschen Appui: Mir ënnerstëtze Projeten an Aktivitéiten an de Beräicher Ëmweltedukatioun a -formatioun, Fuerschung a kontinuéierlech Iwwerwaachung vu lokalen, regionalen, nationalen a globale Probleemer am Domaine vu Conservatioun an nohalteger Entwécklung.

«D’Minett UNESCO Biosphere»

ass offiziell en Deel vum weltwäiten Netzwierk vu Biosphärereservater, déi ënnert dem UNESCO-Programm „Man and the Biosphere“ (MAB) funktionéieren.

Den 28. Oktober 2020 ass de Minett zu engem, vun der Organisatioun vun de Vereenten Natioune fir Erzéiung, Wëssenschaft a Kultur (UNESCO), unerkannte Biosphärereservat ginn. Domat ass Lëtzebuerg elo Deel vum wëssenschaftleche MAB-Programm, deen an den 1970er an d’Liewe geruff ginn ass. Dobäi geet et ëm konkret Ënnerstëtzung fir den Erhalt vun der Biodiversitéit an ëm nohalteg Entwécklung, déi op Biergerbedeelegung, Bildung a Fuerschung baséiert. Enn 2022 gëtt et 738 Biosphärereservater an 134 Länner. Iwwert hire weltwäite Reseau tausche se Erfarungen a Knowhow aus an deelen dës mat aneren.

Territoire d’apprentissage

«D’Minett UNESCO Biosphere»

ass en Territoire d’Apprentissage fir nohalteg Entwécklung

Fir international als Biosphärereservat unerkannt ze ginn, muss den Territoire, ënnert anerem, Spezifizitéiten opweisen, déi mat der mënschlecher Aktivitéit op d’Natur zesummenhänken. Tatsächlech geet et ëm Plazen, wou Praktike getest an entwéckelt ginn, mat deenen d’Auswierkunge vu sozio-ekonomeschen Aktivitéiten op d’Ëmwelt verréngert kënne ginn a kollektiv Aktioune kënnen duerchgefouert ginn. Duerch d’Experimentéiere mat neie Raumplanungsmethode kann esou, an der Regioun, eng méi equilibréiert Relatioun tëscht Mënsch an Natur entstoen.

D’Regioun vun der Minett UNESCO Biosphere bitt d’Méiglechkeet den Impakt vum Mënsch op d’Natur an d’Zeréckeruewerung vu grousse Gebitter duerch d‘Natur z’ënnersichen. D’Regioun gouf staark vun der industrieller Aktivitéit, vum Enn vum 19. Joerhonnert bis an d‘1990er Jore beaflosst. Den Ofbau vum Eisenäerz bis Enn vun den 1970er, d’Schmelzen an deenen d’Minett verschafft gouf an d’Zoumaache vun dësen, hunn hir Spueren an der Landschaft hannerlooss. D’Architektur, d’Frichen, d’Minnen an d’Immigratioun si Beispiller heifir. Haut bestécht déi bevëlkerungsräich Géigend duerch hir nei entstane Biodiversitéit, hire räiche Patrimoine an d’Erschléisse vun de fréiere Frichen.

D’Geographie

«D’Minett UNESCO Biosphere»

Eng postindustriell Regioun, déi bekannt ass fir kulturell Diversitéit, d’Eenzegaartegkeet vun hirem Ierwen an d’Natur, déi sech déi al Dagebaugebitter zeréckgeholl huet.

map

Den Territoire vun der Minett UNESCO Biosphere ass …

11 Gemengen:

Beetebuerg, Déifferdeng, Diddeleng, Esch-Uelzecht, Käerjeng, Käl, Monnerech, Péiteng, Rëmeleng, Schëffleng a Suessem

Eng Regioun, déi un d‘Belsch a Frankräich grenzt.

Naturgebitter, déi zënter 1990er lokal an national geschützt ginn.

Eng Gouvernance, déi lokal Politiker an Techniker, mat staatlechen Autoritéiten, lokale Veräiner, sozio-ekonomeschen Acteuren a Wëssenschaftler zesummebréngt.

94788 Aarbechtsplazen, mat ronn 51% Frontalieren, déi hei schaffen

Ronn 7000 Firmesëtz

Iwwer 600 Hektar Industriebroochen, déi nei erschloss kënne ginn

En urban Regioun, déi houfreg op hir Vergaangenheet als Stolregioun ass

Knapp 150 Nationalitéiten a 45,23% auslännesch Awunner

Ronn 884 Awunner, déi hei pro km2 liewen

Iwwer 177000 Awunner (bal en Drëttel vun der Populatioun vum ganze Land)

Eng Surface vun 200km2

An awer och …

An der Minett UNESCO Biosphere gëtt et Cuestaen an eng grouss Unzuel vu Landschaften an Ökosystemer: Uebstwisen, Kalksteinrasen, moer Wisen, Auen- a Schluchtbëscher, Fiichtgebitter, déi enger wichteger Flora a Fauna en Doheem bidden an déi erhale bleiwe mussen.

Méi Informatiounen:

D’Dagebaugebitter, dës komplett vu Mënschenhand geschafen Terrasselandschaften, charakteriséieren eis Biosphär. Plazen, wou fréier, intensiv industriell geschafft ginn ass, déi haut weisen, datt den Afloss vum Mënsch op d’Natur och gutt Säite kann hunn. Nom Enn vum Dagebau hunn hei Planzegesellschaften (Orchideeën a Kraider) an eng aussergewéinlech Déierewelt (Päiperleken, Fliedermais, Amphibien, Eidechsen, Reptilien a Vullen) eng nei Heemecht fonnt. Dës Ëmwelt steet all Dag mat mënschlecher Aktivitéit a Kontakt, déi méi nohalteg gestalt soll ginn, fir dës Naturgebitter erhalen ze kënnen.

Méi Informatiounen:

«D’Minett UNESCO Biosphere»

Huet eng eegen Andeelung an Zonen, fir esou seng Funktioun als Biosphärereservat kënnen z’erfëllen

All Biosphärereservat muss dräi verschidden Zonen ausweisen, fir seng Funktioun kënnen z’erfëllen.

Pufferzonen

D’Notze vun dësen Zonen däerf keen negativen Afloss op d’Schutzgebitter hunn. Dës Zone sollen negativ Repercussioune vun der mënschlecher Aktivitéit op d’Kärzonen esou wäit ewéi méiglech reduzéieren. Déi 26 Pufferzonen an eiser Biosphär sinn all déi Naturschutzgebitter an NATURA-2000-Zonen an eiser Regioun, déi keng Dagebaugebitter waren. Se sinn 42km2 grouss a maachen 21% vun der Regioun aus.

Kärzonen

Dës solle wichteg ökologesch Particularitéiten a Funktiounen erhalten. Hei si just Fuerschung a Monitoring erlaabt. Déi 6 Kärzone vun der Minett UNESCO Biosphere si 19km2 grouss a maache ronn 10% vun der Regioun aus. Et sinn exklusiv fréier Dagebaugebitter, déi als Naturschutzzonen oder NATURA-2000-Gebitter klasséiert sinn. Verschiddener grenzen direkt u bebautent Gebitt. Dës Charakteristik hänkt mam industriellen Ierwen zesummen: D’Mineuren hu mussen esou no ewéi méiglech un de Minne wunnen.

Transitiounszonen

Dat ass de Recht vun der Surface vun der Minett UNESCO Biosphere. Et ass deen Deel vum Biosphärereservat, wat sozio-ekonomesch genotzt gëtt. Hei liewen a schaffen d’Awunner vum Minett. D’Transitiounszon ass 139km2 grouss an entsprécht ronn 69% vun eisem Biosphärereservat

Zousätzlech Informatiounen:

Ziler

image

«D’Minett UNESCO Biosphere»

e Konzept fir eng nohalteg regional Entwécklung

D’Haaptaufgab vun engem Biosphärereservat besteet doranner e regionaalt Konzept an eng gemeinsam Visioun fir déi territorial Entwécklung vu senger Surface z’erstellen.

Mir schaffen un verschiddene Schwéierpunkte fir:
  • e Fuerschungsprogramm an Zesummenaarbecht mat de wëssenschaftleche Partner aus der Regioun opzestellen,
  • d’Bildung vu Schoulkanner am Beräich nohalteg Entwécklung a Biergerbedeelegung vun all den aneren Awunner ze fërderen,
  • d’Valorisatioun an de Schutz vum industriellen, natierlechen a kulturellen Ierwe vun der Géigend ze garantéieren,
  • fir Strukture fir nohaltegen Tourismus ze schafen,
  • fir déi regional Identitéit an d‘Attraktivitéit vun der Regioun ze stäerken.

Partner

«Minett unesco biosphere»

E Projet, dee vill Acteuren zesummebruecht huet.

D’Iddi vum éischte Lëtzebuergesche Biosphärereservat ass 2016 bei der nationaler UNESCO-Kommissioun gebuer ginn. D’Südregioun war interessant fir dësen UNESCO-Label, well déi fréier Biergbauregioun e passende Kader bitt fir d’Relatiounen tëscht Mënsch a Natur ze studéieren.

No e puer Joer mat Diskussiounen, Renconteren an Echangë gëtt de Projet vu ville politeschen Acteuren ënnerstëtzt. 2018 gëtt de Projet konkret, wéi d’Membersgemenge vum PRO-SUD eestëmmeg decidéieren eng gemeinsam Kandidatur vun den 11 Gemenge beim UNESCO-Programm „Man and the Biosphere“ anzereechen. De Syndikat soll dës zukünfteg Biosphär och gemeinsam koordinéieren. Déi grouss Ënnerstëtzung vun den nationalen Autoritéiten hëlleft dem Projet zousätzlech. Fënnef Aarbechtsgruppe verstäerken hiren Engagement oder ginn extra fir de Projet gegrënnt (Zoning, Rock Trail, Eise Stol, Produits du terroir, Biodiversitéit) an eng Kommitee vun Experten intensivéiert seng Echangen. Aus dësem MAB-Kommitee ass de wëssenschaftlech Kommitee vun der Biosphär entstanen.

flower

Zesumme mat all dësen Acteuren huet de PRO-SUD d’Kandidatur ausgeschafft. Den Engagement vun alle Partner huet konkret gehollef. An den 11 Membersgemenge gouf et Consultatioune mat de Bierger an dës Synergien hunn dozou gefouert, datt d’Kandidatur schonn 2019 konnt ofgeschloss ginn. E Joer drop ass de Minett dunn och zum Biosphärereservat ernannt ginn.

«D’Minett UNESCO Biosphere»

E gemeinsame Projet

De Syndikat PRO-SUD ass de Coordinateur vum Biosphärereservat, mä seng Partner kommen aus ville verschiddene Beräicher. Engersäits déi, déi de Projet ugestouss hunn, déi vun Ufank un dru gegleeft hunn, anersäits déi, déi finanziell dozou bäidroen eenzel Projeten ëmzesetzen an déi, déi sech no an no der Projet ugeschloss hunn.

Eis Partner sinn:
D'Ministère fir Energie a Landesplanung, fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung, fir Tourismus.
  • Déi eelef Membergemenge vum PRO-SUD
  • Interkommunal Syndikater
  • D'Kommissiounen aus de verschiddene Gemengen
  • D'Lëtzebuerger Kommissioun fir d'Zesummenaarbecht mat der UNESCO
  • D'Naturverwaltung (ANF)
  • D'Wassserwirtschaftsamt (AGE)
  • Den Natuschutzsyndikat SICONA
  • Natur&ëmwelt a.s.b.l.
  • Emweltberodung Lëtzebuerg a.s.b.l
  • Naturmusée (MNHNL)
  • De regionale Tourismusbüro (ORT-Sud)
  • Industriekultur-CNCI Asbl (Nationalen Zenter fir Industriekultur)
  • Fondation Bassin Minier
  • Kulturinstitutiounen (Muséeën)
  • Esch2022 - Europäesch Kulturhaaptstad
  • CELL - Centre for Ecological Learning Luxembourg
  • Transition Minett
  • Luxembourg Institute of Science and Technology (LIST)
  • Luxembourg Institute of Socio-Economic Research (LISER)
  • Uni Lëtzebuerg
  • D'Centres d'Initiative et de Gestion Local (CIGL)
  • Handelskummer
  • Schoulen, Lycéeën, Jugendbeweegungen a Jugendhaiser
  • Bierger, Veräiner, Handwierker a Landwiert, d'Privatwirtschaft a Start-ups
flower