Fräi Plaz: Mir sichen e Coordinateur général Wärmepompel: Eng ekologesch an accessibel Solutioun Nature & More - Family Day - 18.05.25 - En Dag an der Natur vum Ellergronn
arrow
quote quote

Éischt Reunioun vun de regionalen Services écologiques

Déi éischt Reunioun vun dësem Joer tëscht de Vertrieder vun den 11 Services écologiques vun de Membergemenge vun der Minett UNESCO Biosphere war e Méindeg, den 30. Januar 2023.

Um Ordre du Jour vun Meeting, fir dee sech d’Gemengebeamten a Vertrieder vum Syndicat PRO-SUD an dem Ministère fir Energie a Landesplaung an engem Reuniounssall vum Diddelenger Stadhaus gesinn hunn, stoungen 3 Sujeten.

Fir unzefänke kruten d’Techniker de Projet “Bike and Ride” vun der  Asbl “VeLokal” virgestallt. Duerno hunn d’Stied Esch an Diddeleng de Beamten aus den anere Membergemenge vun der Minett UNESCO Biosphere hir respektiv Klimaresilienzpläng presentéiert an Schluss ass nach iwwert d’Virbereedunge vum 20. Gebuertsdag vum Gemengesyndikat PRO-SUD, deen am Abrëll gefeiert gëtt, geschwat ginn.