🏞 Unesco Geodiversity Day 2025 - Découvrez la diversité géologique 🚶 MINETT TRAIL - 90 km à parcourir dans notre réserve de biosphère 🍒 Tutti Frutti - Fruits gratuits des vergers du Minett
arrow
image

Kleeschen

ROGER SEIMETZ, ELA BAUMANN

Date(s)

04/12/2025 15:00 - 04/12/2025 16:00 07/12/2025 11:00 - 07/12/2025 12:00

jonke Publikum 4-8 JoerFrom ECHO.lu



De klenge Theater-Brunch (12h00) an den Atelier de théatre enfant (13h00) de 07/12 - Reservatioun iwwer Mail : .reservation.theatre@villeesch.lu


En Dezember ouni Kleeschen? Dat ass wéi e Chrëschtbam ouni Kugelen. Onméiglech! Och dëst Joer fënnt de Kleesche säi Wee nees op d’Büne vu Lëtzebuerg,

fir de Kanner um Enn vum Joer eng ganz besonnesch Erënnerung matzeginn. D’Kanner kucken an eng gemittlech Stuff eran – a fannen eraus, datt um Niklosdag sou munches schif goe kann. Dat geschitt eben, wann e virwëtzegt Kand sech ze fréi erofschläicht, fir erauszefannen, wat de Kleeschen do ënne sou stiicht. Wat wënscht sech e Kand hautdesdaags? Versteet den ale Kleeschen dat iwwerhaapt nach? A wéi parkt een am beschte säi Schlitt? Et gëtt vill Froen, vill Musek, vill Quatsch a vill Geschichten, un deene sech d’Kanner an der däischterer Joreszäit wierme wäerten, gedroe vum Geschichtenerzieler Roger Seimetz an de Museker Fränz Hausemer a Benoit Martiny.

Prix

Tarif normal

Tarif - de 26 ans et étudiant·e

Tarif - de 12 ans

Partager