📌 Poste vacant : Coordinateur général 🚶 MINETT TRAIL - 90 km à parcourir dans notre réserve de biosphère 🍒 Tutti Frutti - Fruits gratuits des vergers du Minett
arrow
image

Kabaret Sténkdéier

Et gëtt héich Zäit

Date(s)

31/01/2026 20:00 - 22:30

De Programm 2025/26 vum Kabaret Sténkdéier.

.


Eise schéine bloe Planéit brennt, d'Loyere klamme méi séier wéi de Mieresspigel, déi Räich ginn ëmmer méi räich – a wärend ronderëm eis d’Bomme falen, streide mir Europäer mat eisen Noperen iwwer d’Grenzkontrollen. De Rietspopulismus verdréit eis d’Wierder am Mond, wärend mer am Stau stinn an eis wonneren, wéi et esou wäit komme konnt. An um Enn bezuelen ëmmer déi Falsch. Wéi laang wëlle mir nach nokucken? A wat kënne mir iwwerhaapt nach maachen?


“Et gëtt héich Zäit” ass dem Kabaret Sténkdéier säi Wecker – pointéiert a batterbéis an op kee Fall neutral. Wie sech iwwer d'Absurditéite vun eiser Zäit wonnert a verzweifelt no engem Rescht Logik sicht, mee trotzdeem nach laache wëll, ass hei genau richteg.

Well eppes ass kloer: Schounfrist war gëschter – elo gëtt et héich Zäit!


Dëst ass ee KI-generéierte Werbetext, kontrolléiert vum Elon Musk an akkordéiert vun der helleger Dräifaltegkeet Trump dem Papp, Putin dem Jong a Xi Jinping dem hellege Geescht.



Et spillen Conny Braquet, Liette Engel, Joëlle Müller, René Engel, Luc Schumacher

Texter Roland Meyer

Musek Camille Nanquette

From ECHO.lu

Regie Joe Heintzen

Prix

Tarif normal

Étudiant∙e∙s

Groupe > 5 pers.

Partager