arrow
image

Psychesch Gesondheet am Alter: de Schlëssel zu méi Liewensfreed!

INFO-CAFÉ presentéiert vum Escher BiBSS & Club Aktiv+ Mosaïque zesumme mat der LIGUE SANTÉ MENTALE

Datiert

28/10/2026 13:30 - 15:00

Psychesch Gesondheet am Alter: de Schlëssel zu méi Liewensfreed!

An dësem Info-Café stinn altersbedéngt Erausfuerderungen, den Ënnerscheed tëscht kierperlecher a psychescher Gesondheet an eng vun den heefegste psycheschen Erkrankungen, nämlech d’Angscht, am Fokus.

Donieft léiert Dir Hëllefs- an Ënnerstëtzungsangeboter kennen a kritt praktesch Tipps, fir Är psychesch Gesondheet am Alldag ze stäerken.

From ECHO.lu

Eng Taass Kaffi, interessant Informatiounen an eng flott Atmosphär waarden op Iech.

Den Info-Café ass op lëtzebuergesch; traduction des infos-clés en français possible.

.


WEIDER INFORMATIOUNEN & UMELDUNG:

Escher BiBSS | 24, rue Louis Pasteur | L-4276 Esch-sur-Alzette

Antenne Lallange | 27 54 - 22 10 | 7, Bvd Pierre Dupong | L-4086 Esch-sur-Alzette escherbibss@villeesch.lu

Club Aktiv+ Mosaïque | 27 55 33 90 | 31, rue Léon Metz | L-4238 Esch-sur-Alzette mosaique-club@croix-rouge.lu