arrow
image

Kleeschen

ROGER SEIMETZ, ELA BAUMANN

Date(s)

04/12/2025 14:00 - 04/12/2025 15:00 07/12/2025 10:00 - 07/12/2025 11:00

jonke Publikum 4-8 Joer



De klenge Theater-Brunch (12h00) an den Atelier de théatre enfantFrom ECHO.lu (13h00) de 07/12 - Reservatioun iwwer Mail : reservation.theatre@villeesch.lu


En Dezember ouni Kleeschen? Dat ass wéi e Chrëschtbam ouni Kugelen. Onméiglech! Och dëst Joer fënnt de Kleesche säi Wee nees op d’Büne vu Lëtzebuerg,

.

fir de Kanner um Enn vum Joer eng ganz besonnesch Erënnerung matzeginn. D’Kanner kucken an eng gemittlech Stuff eran – a fannen eraus, datt um Niklosdag sou munches schif goe kann. Dat geschitt eben, wann e virwëtzegt Kand sech ze fréi erofschläicht, fir erauszefannen, wat de Kleeschen do ënne sou stiicht. Wat wënscht sech e Kand hautdesdaags? Versteet den ale Kleeschen dat iwwerhaapt nach? A wéi parkt een am beschte säi Schlitt? Et gëtt vill Froen, vill Musek, vill Quatsch a vill Geschichten, un deene sech d’Kanner an der däischterer Joreszäit wierme wäerten, gedroe vum Geschichtenerzieler Roger Seimetz an de Museker Fränz Hausemer a Benoit Martiny.

Prix

Tarif normal

Tarif - de 26 ans et étudiant·e

Tarif - de 12 ans

Partager