Lët'z druddel!
kabarettistesch Liesung
Datiert
"Lët’z druddel!": Gewënner vum Nationale Lëtzebuerger Literaturconcours a vum Lëtzebuerger Buchpräis 2025 kënnt fir en humoristeschen Owend op Diddeleng!
D'Spille mat der Lëtzebuerger Sprooch, d’Verdréine vu bekannte Geschichten, d’An-d’Lächerlecht-Zéie vun agesiessene Gewunnechten a Klischeeën iwwer Männer am Baumaart a Fraen am Schongbuttek, Krankheeten oder deen allsäits beléiften Thema vun de Vakanzen, all dat ass Sénges! De Marc Weydert, Lëtzebuerger Auteur a Laureat vum Concours littéraire national 2021 a vum Lëtzebuerger Buchpräis 2025 kënnt fir e lëschtegen Owend voller Ironie, Wuertwitz a Parodien op Diddeleng a presentéiert seng Sammlung vun humoristeschen Texter a Lidder an engem gesellege Kader. Mat derbäi sinn och en neie Reenert, eng méiglech Fortsetzung vun der Maus Ketti an e Roude Léif, deen esou d’Flemm huet, datt hien d’Paart vum Kolmer Schlass klaakt a senger Wee geet, fir eng nei Karriär unzefänken.
Dauer: 2 Stonnen (mat Paus)
Fir Iessen an Drénken ass gesuergt!
***
- Liesung fir Erwuessener op Lëtzebuergesch
.- Mëttwochs, 28. Oktober 2026, 19h00-21h00
- An der Bibliothéik
D'Plaze si limitéiert
Gratis Entrée op Reservatioun:
51 61 21 250
.bibliotheque@dudelange.lu