arrow
image

Konscht – Wat soll dat?

Am Kader vun der Fuelbox zu Beetebuerg

Datiert

16/10/2026 15:00 - 16:30

En oppenen Debat tëschent Konschtschafenden a Public


Et gëtt vill Blabla ëm dat, wat Konscht ass, wéi eng Roll se an eiser Gesellschaft anhëlt a wat fir eng Funktiounen se erfëlle soll. Am Idealfall kann d’Konscht eppes ausdrécken, wat iwwert aner Kanäl net auszedrécken ass. Si ka beréieren, iwwerraschen, ofschrecken, begeeschteren, langweilen, sozialkritesch sinn … — sou wäit sou gutt, zumindest an der Theorie. Oder ass dat a Wierklechkeet alles just waarm Loft?


D’Ausstellungsraim bleiwen oft steril a suggeréieren eng Distanz. Kritesch Froen a Bemierkunge sinn hei net ubruecht. Dës Grenze probéiere mir mat eisem Format ze briechen: Hei däerf een sech trauen ze denken an ze äusseren, wat ee soss just sengem Kolleeg um Heemwee vun enger Expo seet.


Mir brénge Konschtschafender an hire Public zesummen an testen d’Konscht als Kommunikatiounsmëttel an der Praxis — fort vun de wäisse Maueren an der Galerie, hin zum direkte Kontakt mat de Leit: Wat fir Froen, Associatiounen a Reaktioune kommen op?

From ECHO.lu

Mir invitéieren op en onkonventionellen Owend: Jeeweils zwee Konschtschafender weisen eng Selektioun u Wierker, unhand vun deene mer eis op eng virwëlzeg souwéi kritesch Rees maache ronderëm d’Fro: Wat soll dat Ganzt iwwerhaapt?


E spezifescht Virwëssen ass net néideg. Jiddereen, deen sech ugesprach fillt, ass Wëllkomm!


Dës Kéier fënnt eise Gespréichsownend am Kader vun der Expo FUELBOX 2026 statt.

.


Eis Inviteeën sinn d'Florence Everling an de Menny Olinger.


---


GRATIS | Umeldung erwënscht: info@ewb.lu

Méi Informatiounen fannt Dir hei.