arrow
image

Gesondheetswoch am EltereCafé

Entspanung fir Eltere mat Klangschuelen

Datiert

30/04/2026 07:30 - 09:30

Vum 27.04 - 30.04 ass Gesondheetswoch am EltereCafé: 

De Familljenalldag ass munchmol ustrengend a stresseg (Kannergejäiz, Schoul, Partner, knappe Wunnraum, …). Do kann een dann als Eltere scho mol ze kuerz kommen..

Fannt e Gläichgewiicht tëschent de Kanner hire Bedierfnisser an Ären eegenen. Nëmmen esou behaalt Dir déi néideg Geloossenheet, fir als Famill gutt ze funktionéieren.From ECHO.lu

Huelt Iech Zäit fir Iech, fir ze entspanen, Energie opzetanken. Entdeckt Entspanungstechniken a Strategien géint de Stress am Alldag zesumme mat aneren Elteren. Sidd eng gutt Mamm, e gudde Papp, fir Iech selwer!

Esch/Alzette, 1, rue Louis Pasteur - EltereCafé

Aktivitéit fir all interesséiert Elteren (LU)  

Intervenante:  Marie-Antoinette Arendt, Sophrologue,

Limitéiert Plazen!!! 

Aschreiwung: https://www.kannerschlass.lu/de/angebot/eltereschoul/agenda-de