arrow
image
Konzerte

Dem Stradivari säi Kaddo

Schlappeconcert e Familljeconcert

Datiert

24/01/2026 15:00 - 16:00

D’Schlappeconcerten ginn an déi fënneft Saison! An dëser Serie vu Familljenconcerten, gespillt an erzielt vun Enseignanten aus dem Escher Conservatoire, begéinen sech Wuert a Musek.


An dësem Märchen entféiere mer iech op eng musikalesch Rees duerch Italien am 17. Joerhonnert, begleet duerch déi zauberhaft Kläng vu Gei a Piano. Erzielt gëtt d’Geschicht vum jonken Hofmusikant Raphael a senger grousser Léift fir d‘Musek a seng Passioun fir de Geienbauer Antonio Stradivari.


Kanner bréngt all är Schlappe mat, well et gëtt gemittlech!


From ECHO.lu

Et wierke mat: Caroline Reuter (Gei), Stefanie Duprel (Piano), Sharon André (Erzielung, Iwwersetzung a Konzept).

Dauer ca. 50 Min., Alter ab 4 Joer

.