arrow
image
Expositionen & Museen

De feministesche Bléck

Meedercher a Fraen am Krich

Datiert

16/05/2026 14:00 - 15:30

De 16. Mee invitéiert de CID | Fraen an Gender iech ee feministesche Bléck op ausgewielte Biller vun der renomméierte Fotografin Linsey Addario ze geheien.

Am Kader vun enger Visite guidée duerch d’Fotoausstellung „Women in War“ am Nationale Resistenzmusée zu Esch, gëtt een gendersensibele Fokus op Krich- a Konfliktsituatioune geluecht.

Themen wäerte sinn: D’Ursaachen vu Vergewaltegung als Krichswaff, d’Bedeitung vun enger feministescher Aussepolitik an Iwwerleeungen zu engem feministesche Friddensbegrëff.


From ECHO.lu

Sidd Dir interesséiert? Da mellt iech w.e.g. ënnert info@cid-fg.lu un.

D’Visite wäert op Lëtzebuergesch sinn. 



Mat der finanzieller Ënnerstëtzung vum Ministère de l'Égalité des genres et de la Diversité a vum Ministère de la Culture.

.