arrow
image
Songtexte zeigen, Andere, Konzerte

Däischter Deeg

Minett Poesie mam Fränz Hausemer

Datiert

26/09/2025 17:00 - 26/09/2025 20:00 27/09/2025 17:00 - 27/09/2025 20:00

En Hommage un de Gaston Rollinger (1946-2024),

Dichter a Film Pionéier aus der Hiel.


De Gaston Rollinger huet säi ganzt Liewen am Quartier Hiel zu Esch verbruecht. An dësem Mikrokosmos um Fouss vum Kazebierg, tëscht der franséischer Grenz, der aler Brasseur Schmelz, de Weieren an de Minièren am Ellergronn sinn och seng ronn 40 Gedichter op lëtzebuergesch entstanen. Ouni Pathos, ma net ouni Humor, schwätze si an enger direkter, billerräicher Sprooch universell Theme wéi d’Liewen, d’Aarbecht, den Doud an d’Vergänglechkeet un. D’Hiel an de Niddergang vun der Eisenindustrie bidden dozou den Décor. De Museker a Regisseur Fränz Hausemer huet sech wärend e puer Joer intensiv mat sengem Wierk beschäftegt an eng Partie vu senge Gedichter vertount. Dorauser sinn de ganz intimistesche Musek Album « Däischter Deeg » (2024) an den Dokumentarfilm « TERRE ROUGE-Topographie du poète », deen 2025 vum Luxembourg City Film Festival selektionéiert gouf, entstanen.

.


Am historeschen Zentral Atelier vun der Metzeschmelz treffen d’Téin a Biller aus dësem poetesch-cinematographesche Concert op de Stol an de Stëbs aus der Héichzäit vun der Lëtzebuerger Eisenindustrie. Chanson, Jazz a filmesche Klangwelten am Dialog mam Geescht vum Stolwierk.


Mat :

Fränz Hausemer Piano, Stëmm

Greg Lamy, elektresch Gittar

Benoît Martiny, Batterie, Perkussioun

Luciano Pagliarini, Saxophon

Benoît Legot, Kontrabass

Renata Van der Vyver, Viola

Daniel Pagliarini, Akkordeon

Marco Lorenzini, Rezitatioun


De 26. an 27.September 2025 luede mer an Zesummenaarbecht mam Fränz Hausemer op en onvergläichlechen Owend an, bei dem d’Téin a Biller aus dësem poetesch-cinematographesche Concert op de Stol an de Stëbs aus der Héichzäit vun der Lëtzebuerger Eisenindustrie treffen. 


Méi Informatiounen op eisem Site - den Ticketverkaf start och demnächst vun do!From ECHO.lu